Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Staatslabo plangt "10.000 Anti-Kierper-Tester am Mount"

Immun-Tester

De Staatslabo plangt "10.000 Anti-Kierper-Tester am Mount"

Deemnächst solle bis zu 10.000 Anti-Kierper-Tester am Mount hei am Land gemaach ginn, esou den Direkter vum Staatslabo. De Friedrich Mühlschlegel seet, säi Labo géif sech un engem nationale Projet fir Immun-Tester bedeelegen.

auto_stories

2 min

Bei deem Programm géif et virun allem dorëms goen erauszefannen, wéi vill Leit hei am Land scho mam Coronavirus infizéiert waren. Mee kënne Leit mat Anti-Kierper och sécher sinn, datt si immun sinn? Nee, betount den LNS-Direkter, am Moment géif den Test just kënnen aussoen, ob Antikierper do sinn oder net. Aussoen iwwer de Krankheetsverlaf oder wéi ustiechend een ass, kéint een domat net maachen. An den nächste Woche sollen awer international Etüden zu dësen Thematike publizéiert ginn.

De Staatslabo zu Lëtzebuerg géif aktiv un der Entwécklung vun neien Zorte vu Corona-Tester schaffen, esou de Friedrich Mühlschlegel. Fir déi méiglech drëtt Well géif am Moment en Test validéiert ginn, deen am Ganze 16 verschidde "respiratoresch Viren" mat engem Test kéint noweisen. "Das heißt, wir können dann nicht nur sagen, ob der Patient eine Coronavirus-Infektion hat oder nicht, sondern wir können auch feststellen, um was für eine andere Infektion es sich handelt: Ist das die Grippe? Oder sind das respiratorische Infektionen?"

An Zukunft eng Spautprouf?

De Coronavirus kéint deemnächst mat Hëllef vun enger Spautprouf detektéiert ginn. Den Direkter vum Staatslabo seet, seng Ekipp wier amgaang esou e Spaut-Test fir de Lëtzebuerger Marché ze entwéckelen. Wéini den Test kéint an den Asaz kommen, wier awer nach net sécher, esou de Friedrich Mühlschlegel. Hien hofft awer, datt een an e puer Méint souwäit ass.