Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Staatslabo ka maximal 250 Tester pro Dag maachen

Coronavirus

De Staatslabo ka maximal 250 Tester pro Dag maachen

Den Direkter vum Staatslabo LNS Friedrich Mühlschlegel fënnt et net falsch, datt hei zu Lëtzebuerg net breet op de Coronavirus getest gëtt. Et misst een net déi ganz Populatioun testen, fir en Iwwerbléck iwwer de Verlaf vun der Epidemie hei am Land ze kréien. Et wier richteg fir sech op déi vulnerabel Leit ze fokusséieren, et misst ee sécherstellen, datt grad dës Persoune sou gutt wéi méiglech geschützt sinn.

auto_stories

2 min

Déi allgemengëlteg Moossnamen, wéi Hännwäschen, géife grad esou eng wichteg Roll spillen, sou den LNS-Direkter. Och déi néideg Distanz zu anere Mënschen ze hale wier wichteg, genee wéi doheem ze bleiwen, wann ee krank ass.

Am LNS sinn déi éischt Covid-19 Tester hei am Land gemaach ginn, d'Test-Capacitéit léich do am Moment bei 250 Tester den Dag, sou de Professer Mühlschlegel. An der Tëschenzäit kënne jo awer och Privat-Laboen, op Ordonnance, Tester duerchféieren.

Ass et wierklech sënnvoll déi ganz Populatioun ze testen, freet den Dr. Friedrich Mühlschlegel. Et géifen oppe Grenze ginn. Perséinlech géif hien als Wëssenschaftler soen, datt ee sech op vulnerabel Leit konzentréiert, fir déi ze testen. Teste wier wichteg, mee aner Moossname wiere genee esou wichteg, wéi zum Beispill Hännwäschen an Distanz halen an Doheem bleiwen, wann ee krank ass.

Wéi fonctionéiert esou en Test?

D'Ekipp, déi sech ëm Coronavirus-Analyse këmmere besteet aus sechs Leit. Dës Ekipp géif awer opgestockt ginn, seet den Direkter vum Staatslabo.

Mat engem Wattestäbche gëtt en Ofstréch am Hals oder an der Nues geholl, erkläert den Direkter vum Staatslabo. Fir datt d'Personal sech net infizéiert, gëtt de Virus "inaktivéiert". Da gëtt den Test gemaach. Vun der Prouf un dauert et fënnef Stonne bis e Resultat virläit, mengt de Prof. Dr. Mühlschlegel am 100,7-Interview.

Optimistescherweis an engem Joer en Impfstoff

D'Corona-Kris bestëmmt eisen Alldag, mir all probéieren eis op d'Situatioun anzestellen an hoffentlech och d'Consignen ze respektéieren, a mer hoffen natierlech, datt d'Wëssenschaft eis séier zu Hëllef kënnt a waarden op en Duerchbroch an der Fuerschung. Mee fir wéini ass deen ze erwaarden?

Et wäert nach Méint dauere bis en Impfstoff disponibel wier, sou de Friedrich Mühlschlegel. Hie geet, wéi aner Experten och, optimistesch dovun aus, datt a ronn engem Joer en Impfstoff wäert fonnt sinn. An der Tëschenzäit misst ee méi iwwer de Virus léieren, iwwer d'Ausscheedung vum Virus zum Beispill. Do kéint och déi Lëtzebuerger Fuerschung hiren Deel dozou bäidroen.

Et misst een oppassen, datt een de Stock un Testkits net "verbrennt". Den Direkter vum Staatslabo fënnt et dofir richteg, datt den Ament just cibléiert getest gëtt.


Bleift um courant mat eisem Liveticker