De Staat keeft enger privater Entreprise d'Hallschent vun hirem Gebai of, wäert déi Hallschent och selwer notzen, sech d'Raimlechkeeten also mat där privater Entreprise deelen. De Vize-Premier a Bauteminister François Bausch gëtt zou, datt dat keng Transaktioun wéi eng aner ass. Hie betount, datt een et duerchaus speziell fanne kéint, well et am Ufank net esou virgesi war.
Kompromëss fir de Staat
Vun Ufank u war wuel kloer, datt d'Gebai fir ArcelorMittal eleng ze grouss wier, mee eréischt méi spéit gouf kloer, datt et souguer vill ze grouss wier, well manner Leit op de Siège schaffe komme wéi virgesinn, an datt et och méi schwéier wéi geduecht géif ginn, déi fräi Plaz am Gebai ze verlounen. Du koum de Staat an d'Spill.
"Also mir kafen déi 50 Prozent do net just fir der Arcelor e Gefalen ze maachen, mee well mir och e reelle Besoin hunn."
Fir d'Administration des Bâtiments publics z. B., déi 2026, wann de K22, wéi geplangt fäerdeg gëtt, aus hiren enken an e bëssen däischtere Büroen an der Alstad an deen hellen Neibau mat vill Open space eriwwer plënnert. Zwou Mécken op ee Schlag, seet de Minister Bausch:
"Mir hunn engersäits dat kritt, wat mir wollten, nämlech datt mir de Siège vum weltgréisste Stolkonzern zu Lëtzebuerg behalen. An dat zweet ass: Mir profitéieren andeems mir 50 Prozent vum Baupräis iwwerhuelen an doduerch staatlech Administratioune kennen drasetzen."
Scho wéi ArcelorMittal deen ale Siège um Rousegäertche wollt lassginn, huet de Staat gehollef e Repreneur ze fannen (d'Spuerkees), elo also eng weider Faveur fir de Stolkonzern. De François Bausch streit net of, datt et ongewéinlech wier, wann de Staat sech ee Gebai mat enger Privatboîte deelt. Hien ënnersträicht, datt et ee Kompromëss wier, deen ee maache géif.