Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Oppositioun kritiséiert déi staatlech Bedeelegung um neien Arcelor-Gebai

273,5 Milliounen Euro

D'Oppositioun kritiséiert déi staatlech Bedeelegung um neien Arcelor-Gebai

Fir 273,5 Milliounen Euro keeft de Lëtzebuerger Staat d'Hallschent vum neie Firmesëtz vun ArcelorMittal dee momentan u Kierchbierg nieft dem Héichhaus entsteet. De respektive Gesetzesprojet gouf de Mëttwoch an der Chamber gutt geheescht, en huet do awer vir ugereegten Diskussioune gesuergt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Reaktioun vun den Oppositiounsparteie war quasi unanime: Firwat klëmmt de Staat an dëse Projet eran? Firwat solle staatlech Büroen an e Prestigeprojet kommen? Fir wie genee brauch de Staat iwwerhaapt dës Surface? An hätt een dat Ganzt net méi bëlleg kënnen hunn? Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet an dem Kontext vun enger verfeelter Finanzpolitik geschwat.

"Spéitstens mat dësem Gesetz ass dës Regierung net méi glafwierdeg, wa se seet, datt kee Sputt do wier fir de Leit an déi breet Mëttelschicht steierlech méi ze entlaaschten. Well hei ass op eemol Sputt, aus dem Näischt."

Ministere Backes a Bausch verteidegen de Projet

Gouf et en Deal mat ArcelorMittal wou d'Hannergrënn net solle benannt ginn? Dat war eng aner Fro déi am Raum stoung. Déi héich Zomm hätt kënne benotzt gi fir méi dréngend Projeten ëmzesetzen, sou de Sven Clement vun der Piratepartei. 78.000 Metercarré géif ronn 1050 Wunnengen entspriechen.

Jo, et geet hei och ëm e Prestigeprojet an ëm Standuertpolitik, sou d'Finanzministesch Yuriko Backes. De Bauteminister François Bausch sengersäits huet sech iwwerzeegt gewisen, datt och d'CSV dëse Projet géif stëmme wa se an der Majoritéit wier. Datt de Staat dës Bürosfläch bräicht stéing ausser Fro. Den Inneministère géif aus allen Néit platzen, genee wéi d'Administratioun vun de bâtiments publics an och d'Geriichtsinstitutiounen.