Ënnert anerem soll déi nächst Indextranche bis Abrëll 2023 verréckelt an duerch e Steierkredit kompenséiert ginn. Donieft ginn d'Accisen um Sprit bis den 1. Juli em 7,5 Cent de Liter reduzéiert. De ganze Pak fir d'Stéit an d'Betriber soll de Staat eng 830 Milliounen Euro kaschten. De CNFP-President Marc Wagener seet, déi Sue kéinten nees an d'Ekonomie zeréckfléissen, an dat wier dann nees gutt fir d'Staatsfinanzen.
En Deel vun de Sue géif iwwer neie Konsum an d'Wirtschaft zeréckfléissen, en aneren Deel méi indirekt. Beispillsweis doduerch, datt Entreprisen ënnerstëtzt ginn, déi et ouni staatlech Hëllefen net gepackt hätten. Esou géifen och Aarbechtsplazen erhale ginn an et géif séchergestallt ginn, datt dës Betriber dono och weider Steiere bezuelen, sou de Marc Wagener, President vum Conseil National des Finances Publiques.
"Ekonomie ass eppes Ganzes"
Et géif bei de Mesuren drëms goen, fir kuerzfristeg als Staat géigenzesteieren, fir datt de Konsum an d'Investiounen héich bleiwen. Dat géif jo och nei Steiere generéieren, sou de Marc Wagener.
"Souguer wann een dee Pak net geholl hätt vun 840 Milliounen, hätt ee vläicht volkswirtschaftlech a budgetär och e Käschtepunkt gehat deen d'selwecht héich gewiescht wier wann een net intervenéiert wier. Ekonomie ass eppes Ganzes, wat och vill op Vertraue baséiert, wou d'Stéit an d'Betriber sech musse kënnen an engem favorabelen Ëmfeld entwéckelen."
De Marc Wagener gesäit de Mesurëpak aus der Tripartite och als en éischten Hëllefspak. D'Regierung wéilt sech warscheinlech nach e bësse Spillraum loosse fir wann d'Economie déi nächst Méint nach méi schlecht dréie géif wéi virgesinn.