Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - A Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ "De soziale Volet gëtt hei ofgeschaaft"

Chambre des Salariés

"De soziale Volet gëtt hei ofgeschaaft"

Den Hëllefsregimm fir déi energetesch Sanéierung vu Wunnengen (bekannt och als "Klimabank"), deen den 1. Januar 2017 ugelaf ass, wier en Echec. Dat seet net d'Oppositioun, dat seet d'Regierung selwer am Exposé des motifs vun engem neie Gesetzesprojet, deen den aktuelle Regimm duerch en neien ersetze wëll. De Logements-Minister Henri Kox huet deen Text Enn Juni an aller Diskretioun deposéiert, mee d'Chambre des Salariés huet esou munches dorun auszesetzen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wie säin Haus méi klimafrëndlech maache wëll - sief et well en et besser isoléiert oder op alternativ Energië setzt zum Beispill - dee kann zënter dem 1. Januar 2017 vum Staat gehollef kréien, a Form vun enger Zënsbonifikatioun um Prêt, deen e mécht fir déi Aarbechten ze finanzéieren.

Bannent véier Joer hunn awer just 230 Leit probéiert déi Hëllef ze kréien. Dat ass net déck an hätt zu engem gudden Deel dru geleeën, datt d'Prozedur fir d'Hëllef unzefroen ze vill komplizéiert wier, mengen d'Auteure vum neien Text. Dofir gëtt dat elo vereinfacht. Ween d'Prime House zougesprach kritt, soll domat an Zukunft implizitt och d'Gewëssheet hunn, datt en op d'Zënsbonifikatioun ziele kann.

CSL stëmmt Projet net zou

Béides gëtt awer eréischt um Enn vun den Aarbechten ausbezuelt. An dat, sou de Sylvain Hoffmann, den Direkter vun der Salariatskummer, kéint fir eng ganz Partie Haushälter, déi net esouvill Revenuen hunn een Hindernis ginn:

"Mir hunn ëmmer gefuerdert, datt een déi Hëllefen opgrond vun engem uerdentlechen Devis no enger Berodung vun engem Conseiller énergétique, deen awer kuckt, datt dat ganzt seriéis ass, schonn am Virfeld kritt - quitt datt herno dann nach eng Kéier kontrolléiert gëtt, ob alles an der Rei war. Mee dat kéint awer virun allem deene Menagë mat nidderege Revenuen hëllefen, datt se méi esou Renovatioune kéinte maachen."

Am aktuelle Regimm kann een e prêt climatique mat nidderegem Zënssaz kréien, oder souguer - wann een e klengt Akommes huet - e Prêt à taux zéro. Do soll an Zukunft just nach eegleiseg gefuer ginn: de Staat géif deemno Zënse bis zu annerhallwem Prozent iwwerhuelen, egal wat ee verdéngt. Bei niddregen Zënse wier dat wuel e prêt à taux zéro fir jiddereen. Mee well ee keng Garantie hätt, datt d'Zënsen ëmmer sou niddereg bleiwen, kritiséiert d'Chambre des Salariés "datt dee soziale Volet hei ofgeschaaft gëtt".

Ëmsou méi, well nach eng soziale Mesure verschwënnt: eng Primm vu bis zu 5000 Euro, déi een haut am Régime vum Prêt à taux zéro (an och nëmmen do) ka kréien. Vun där geet am neien Text keng Rieds méi. Aus all deene Grënn, stëmmt d'CSL deem Projet trotz punktuelle Verbesserungen och net zou.