Radioen

On air

Kultur um 5  |  "Dans le ventre de Klara" vum Régis Jauffret

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Juli goufen zu Lëtzebuerg 380 Sonnestonne gezielt

Neie Rekord

Am Juli goufen zu Lëtzebuerg 380 Sonnestonne gezielt

De Juli dëst Joer war dee sonnegsten zënter Ufank vun den Opzeechnungen hei am Land. Dat geet aus dem klimatologeschen Bilan vu leschtem Mount vu Meteolux ervir.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / preeyaporn

Am Ganze goufen ronn 380 Sonnestonne gezielt. De leschte Rekord gouf am Juli 2018 gemooss - mat ronn 350 Sonnestonnen, esou nach Meteolux.

Dës Hausse géif an en allgemeng europäeschen Trend passen, seet de Luca Mathias vu Meteolux. Wann een d'Referenzperiode vun 1961-1990 an 1991-2020 matenee vergläicht, géif ee gesinn, datt d'Sonnestonnen zu Lëtzebuerg liicht zougeholl hunn. "Dat ass dat wat mir beobachte - an, wéi gesot, am Kontext vum Klimawandel besteet do sécherlech en Zesummenhang."

Donieft war leschte Mount mat engem Cumul vu bësse manner wéi siwe Liter Reen op de Metercarré deen drëtt dréchenste Juli zanter Ufank vun den Opzeechnungen. E war dann och ënnert deene wäermsten, mee e wier net aussergewéinlech gewiescht, esou nach Meteolux. D'Duerchschnëttstemperatur louch bei ronn 20 Grad.