Vëlossport De Skoda Tour Luxembourg huet ugefaangen

Haut ass déi 80. Editioun vum Tour du Luxembourg, oder wéi en zanter 2005 heescht, Skoda Tour Luxembourg gestart. Anescht wéi an de Jore virdrun, ass Course net am Summer gefuer ginn, an och soss gouf et e puer Ännerungen.

Pit Walté / cbi

Tour de Luxembourg
Symbolbild. Foto: Bigstock / lightcatcherbigstock

Anescht wéi an de leschte Joren huet den Tour net mat engem Prolog an de Stroosse vun der Alstad ugefaangen, mee en ass duerch eng Etapp ersat ginn, déi um Milliounewee um Kierchbierg an d'Zill koum.

Donieft ass de Skoda Tour Luxembourg eng Divisioun geklommen an ass elo Deel vun den UCI Pro Series, quasi déi zweet Liga am Vëlossport, hanner der UCI Wold Tour. Doduerch sinn och renomméiert Ekippe wéi Astana Pro Tour, Ag2r-La Mondiale, Lotto-Soudal oder nach Trek-Segafredo dëst Joer mat derbäi.

Sécherheetsmesurë wéinst Corona

Ee méi grousse Fokus läit dëst Joer, wéinst dem neiaartege Coronavirus, op der Sécherheet. Do hätt ee sech ugekuckt, wéi dat bei anere Courssen organiséiert gouf, esou den Andy Schleck, Direkter vum Tour.

"Mir hu méi Hoteller, wou mer d'Ekippe méi verdeelen. All Ekipp huet extra Zëmmeren, wann da sollt e Fall do sinn, datt een dann d'Coureuren oder d'Membere vum Staff sécher kann isoléieren. Mir hunn zwee Dokteren, déi just an der Course si fir en A drop ze halen, wann dann eng Situatioun do ass, fir Krisemanagement kënnen ze maachen."

Donieft gëtt dann nach opgepasst, de Kontakt tëschent de Coureuren an de Spectateuren ze evitéieren.

Parallel zum Tour de France

Doduercher, datt een de Skoda Tour Luxembourg an de September geluecht huet, an d'Pandemie de Renn-Kalenner e bëssen duerchernee gerëselt hat, leeft d'Course elo parallel mat dem Tour de France. Fir den Andy Schleck ass dat awer net onbedéngt en Nodeel.

"An enger Ekipp sinn tëschent 24 an 30 Coureuren. An och wann déi aacht bescht beim Tour de France sinn, den néngtbeschte Coureur vun enger Ekipp Ineos ass nach ëmmer e Weltklasse-Coureur."

D'Mediepresenz, déi een dëst Joer beim Skoda Tour Luembourg hätt, wier enorm, seet den Andy Schleck. D'Course géif a 85 Länner um Fernsee diffuséiert ginn.

An der Mediathéik:

Magasinn / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Andy Schleck
Tour de France

Fir den Andy Schleck ass de Slowen Primož Roglič dëst Joer de grousse Favorit op d'Schlussvictoire am Tour de France. Och de Kolumbianer Egan Bernal géif zum Krees vun de potentielle Gewënner zielen.

Luc Holtz
BGL League

Fir den Nationaltrainer Luc Holtz ass den Opsteiger Hesper de Favorit fir den Titel am Fussball-Championnat. De gréissten Challenge wier et aus den neien, staarken Individualitéiten eng Ekipp ze maachen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen