Vun engem "Bazar", vun deem och hien just kierzlech matkritt hätt, huet de Sebastian Kurz virun zwou Wochen geschwat, op enger extra dofir aberuffe Pressekonferenz. Länner wéi Malta oder Holland hätte sech méi Impfstoff besuergt, wei hinnen zousteet, sou seng Kritik. Eng Partie osteuropäesch Länner hu sech doropshi senger Fuerderung no enger anerer Verdeelung vum Impfstoff ugeschloss.
A villen aneren EU-Staaten ass seng Kritik awer op Onverständnis gestouss. De Mechanismus wier kloer gewiescht: All Land kritt den Impfstoff proportional zur Bevëlkerung ugebueden. Wann dësen awer net komplett ofgeholl gëtt, kënnen aner Länner de Rescht opkafen. Déi Länner, déi manner kritt hunn, hätten deelweis op Pfizer/Biontech a Moderna Impftoff verzicht, fir de manner deieren AstraZeneca ze kafen. Bei deem ginn et awer lo bekannterweis grouss Liwwerprobleemer.
Souwäit den europäesche Kontext.
Oflenkung vun eegene Feeler
An Eisträich geréit den Sebastian Kurz wéinst senger Kritik un der EU ëmmer méi selwer an d'Kritik.
Een Dag no där genannte Pressekonferenz huet eng héich Beamtin aus dem Gesondheetsministère him ëffentlech widdersprach. Dem Kurz seng konservativ ÖVP huet doropshin där Beamtin hir Suspendéierung gefuerdert. De grénge Gesondheetsminister konnt op all dat net reagéieren, well e vir puer Deeg am Spidol war.
Spéider gouf dunn dee Beamten, dee fir Éisträich am EU-Impfgremium souzen, ofgezunn. Angeblech well hien d'Regierung zu Wien net iwwert d'Méiglechkeet informéiert hätt, weideren Impfstoff ze kafen.
Fir d'Oppositioun am Parlament zu Wien ass hien awer just e Bauerenaffer. An de leschten zwou Woche goufen an de Medien eng Partie Dokumenter zitéiert, déi noleeën, datt d'Regierung wuel wosst, wéi de Verdeelungsmechanismus vun den Impfstoffer funktionéiert. Datt de betraffene Beamte keng weider Dose bestallt huet, hätt doru geleeën, datt Éisträich deen Ament scho méi Dose bestallt hätt, wéi fir d'Bevëlkerung néideg ass. En Plus wier hien un d'Budgetsgrenz gestouss, déi de Finanzministère him gesat hätt. Den éisträichesche Finanzminister dementéiert dat.
Schlecht Sondagewäerter
Dem Sebastian Kurz gëtt vun der Oppositioun, mee mëttlerweil och vun der konservativer Press virgeworf, mat senger EU-Kritik nëmme vun eegene Feeler oflenken ze wëllen an dobäi d'Reputatioun vun Éisträich op d'Spill ze setzen.
Grënn fir fir Oflenkung ze suergen, hätt den Sebastian Kurz op alle Fall. Seng Sondagewäerter sinn an de leschte Wochen staark gefall. Datt Éisträich souwuel bei den Infektionszuelen wei och beim ekonomeschen Abroch am Europavergläich schlecht do steet, kënnt bei de Wieler net gutt un.