Krich an der Ukrain De russesche Krich verlagert sech an den Oste vun der Ukrain

Déi laang erwaart russesch Militäroffensiv am Oste vun der Ukrain huet nach net ugefaangen, seet de Pentagon zu Washington. Unzeeche vun engem neien Umarsch ginn et der vill um Terrain an der Donbas-Regioun. De russesche President Wladimir Putin seet, datt d'Invasioun wäert weidergoen, bis de Kreml seng Ziler erreecht hätt.

Philip Crowther (Lwiw, Ukrain) / cbi

Novoselivka an der Ukrain
Novoselivka an der Ukrain. Foto: picture alliance / Photoshot | Evgen Kotenko / Avalon

Lauschteren

D'Ziler vu Moskau sinn nach ëmmer net kloer. Et schéngt, wéi wann et fir d'éischt drëms géif goen, esou vill Terrain wéi méiglech an der ëstlecher Donbas-Regioun ze kontrolléieren. Hei ass zanter 2014 en Deel vun der Regioun ënner der Kontroll vu prorussesche Separatisten.

Am Ufank vun der russescher Invasioun si russesch Truppen séier an dësen Deel amarschéiert, mee si wëlle méi. E puer Deeg virun der russescher Invasioun goufen déi selbsternannt autonom Republicke vu Russland unerkannt an de Wladimir Putin seet, déi missten elo beschützt ginn.

Militäresch Ugrëff gi weider

Ee Convoi vu Panzer an aner Gefierer ass ënnerwee aus der Géigend vu Charkiw, der zweetgréisster Stad an der Ukrain, a Richtung Isjum, am Zentrum vum Donbas.

Et ginn ëmmer méi Loftugrëff am Oste vun der Ukrain, mee och an aner Géigenden. An de leschte 24 Stonne wiere militäresch Ziler am Südwesten an an der Géigend vu Kiew getraff ginn, seet Russland.

D'Ukrain huet schonn zéngdausenden Zaldoten am Donbas, vill vun hinne sinn op där sougenannter Grenz, wou pro-russesch Separatisten an d'ukrainesch Arméi schonn aacht Joer laang openeen treffen.

Fir déi ganz Géigend ze kontrolléiere missten d'Stied Mariupol am Südosten, a Charkiw am Nordosten ënner russescher Kontroll sinn. Béid sinn ëmkämpft, mee Mariupol kéint scho geschwënn a russescher Hand sinn.

Méi zum Thema

Raphäel Pitti
Krichsmedezin

Dausenden Zivilisten an Zaldote sinn an der Ukrain scho gestuerwen, d'Spideeler si voll mat Blesséierten. Den Dokter Raphaël Pitti ass Expert an der Krichsmedezin a wëllt Strukturen opbaue fir Verletzter ze behandelen.

De Jean Asselborn mam EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell
EU-SANKTIOUNEN

An der EU gëtt iwwer weider Sanktioune géint Russland diskutéiert, dorënner een Embargo op Pëtrol. D'Meenungen ënner den EU-Memberlänner ginn auserneen. Fir de Jean Asselborn wier et méi wichteg Waffen ze liwweren.

Maria Mezentseva
Ukrain-Parlamentarierin Maria Mezentseva

D'Ukrain huet elo eréischt all Handel mat Russland gestoppt. Kiew wëll en europawäiten Importstopp fir russesch Energie - dat fuerdert och d'Maria Mezentseva, Member vum ukrainesche Parlament.

Danièle Weber Chronik
SANKTIOUNEN GÉINT RUSSLAND

Wéi steet d'Lëtzebuerger Regierung zu engem Embargo vu russeschen Energie-Importer? Wat soen déi gewielte Vertrieder an der Chamber? Vill Froen a keng Äntwerten.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen