Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Roberto Traversini trëtt als Deputéierten zeréck

Affär Traversini

De Roberto Traversini trëtt als Deputéierten zeréck

De Roberto Traversini huet als Deputéierten demissionéiert. Dat huet hien haut per offene Bréif matgedeelt. De Roberto Traversini zitt domat d'Konsequenzen aus den Evenementer vun deene leschte Wochen a Méint.

auto_stories

2 min

Am oppene Bréif schreift de Roberto Traversini, hien hätt an de leschten Deeg a Woche Geleeënheet gehat, "fir iwwer déi Saachen nozedenken", déi an der Ëffentlechkeet diskutéiert goufen. Dat, wat hie gemaach hätt, kéint hien net méi réckgängeg maachen, mee hie wéilt sech dofir entschëllegen a "probéieren,, mat Optimismus an Energie an d'Zukunft ze kucken".

An de leschten Wochen a Méint war bekannt ginn, datt am neie PAG vun der Gemeng Déifferdeng seng Parzell an der Klenggäertner-Zon sollt an de Bauperimeter opgeholl ginn. D'Noopeschparzelle sollen awer net ëmklasséiert ginn.

Aarbechten um Gaardenhaischen ouni Geneemegung

D'Oppositioun am Déifferdenger Gemengerot hat ausserdeem opgedeckt, datt hien ouni déi noutwenneg Baugeneemegunge vum Ëmweltministère an der Gemeng Aarbechten um Haus op der Parzell maache geloossen hat, esou wéi um Gaardenhaus op der Nopeschparzell.

Dëst Gaardenhaische befënnt sech an der Naturschutzzon Natura 2000 an an der Reserve naturelle Prënzebierg. Déi Aarbechten hat hie vun der lokaler Beschäftegungsinitiativ CIGL maache gelooss, déi deels als Formatioun ofgebucht an deels och ongerechtfertegt an ouni Facture gemaacht goufen.

Enquête géint Roberto Traversini leeft

D'Oppositioun hat him ausserdeem nogewisen, datt hie vun de Gemengeservicer eng Opmooss vun Haapthaus, wat him gehéiert, maache gelooss hat.

Géint de Roberto Traversini leeft eng Enquête vum Parquet wéinst Verontreiung vun ëffentleche Gelder, der Prise illegale d'intérêts a wéinst Verstéiss géint d'Gesetz iwwer den Aménagement du territoire. De Roberto Traversini hat dowéinst virun annerhallwer Woch als Buergermeeschter vun der Gemeng Déifferdeng demissionéiert. Hien ass och als President vum CIGL zeréckgetrueden.

Seng Parteikolleegin an Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet sech dës Woch op enger Pressekonferenz an an der Chamber-Ëmweltkommissioun géint d'Virwërf vun der Oppositioun verdeedegt, déi Autorisatioun, déi si dem Roberto Traversini nodréiglech fir d'Aarbechten um Gaardenhaus ausgestallt hat, wier illegal an hätt net dierfen ausgestallt ginn.

De Roberto Traversini war zanter de Chamberwahlen am Hierscht 2013 Deputéiert fir déi gréng.