Dem staatleche Service des médias no, soll déi nei Konventioun et dem 100,7 erlaben, de Service Public am Radiosberäich an "exzellente Konditiounen" z'assuréieren, d'Onlineoffer virun z'entwéckelen an un der Spëtzt vun der technologescher Innovatioun ze bleiwen.
Déi nei Konventioun soll et erlaben, den 100,7 virun zu engem Generaliste-Sender ze maachen, mat enger staarker Informatiounsoffer, enger staarker kultureller Offer, awer och enger Ënnerhalungsoffer.
Den 100,7-Direkter Jean-Lou Siweck schwätzt vun enger "signifikativer Erhéijung" vun de Mëttelen.
"Et erlaabt eis dee Schrëtt weider ze goen, dee Wee weider ze goen, deen de Radio iwwert déi lescht Joren, voir dat lescht Joerzéngt gaangen ass, vun deem sozio-kulturelle Radio vu sengem Ufäng, dee wierklech een Nischeprogramm gemaach huet, a sollt maachen, hin zu engem Generaliste-Sender, mat enger staarker Informatiounsoffer mat nach ëmmer enger staarker kultureller Offer, awer och mat enger Ënnerhalungsoffer."