Pacte Logement 2 De Privatsecteur wëllt matschaffen
De Privatsecteur wier prett fir d'Logementspolitik mat ze gestalten a bezuelbare Wunnraum ze schafen, erkläert de Jean-Paul Scheuren. Hie bedauert, datt awer net op déi Professionell aus dem Milieu gelauschtert gëtt.

De Jean-Paul Scheuren erkläert, datt een Iddien hätt, mee d'Politik wéilt dat léiwer eleng maachen. "Mee da kann ech jo net responsabel dofir gemaach ginn", esou de President vun der Chambre immobilière.
All d'Acteuren abezéien
Fir de Problem an de Grëff ze kréie missten alleguer d'Acteuren un engem Strang zéien. Bis haut dierft de Privatsecteur kee Logement locatif a Coût moderé schafen, bedauert de Jean-Paul Scheuren. Virun zéng Joer hätt een eng Propositioun op den Dësch geluecht, "mee kee wëllt dat mat eis maachen".
Dem Jean-Paul Scheuren no wier d'Astellung vum Ministère fir net mam Privatsecteur zesummenzeschaffen, eng reng ideologesch.
Aner Prioritéiten
Datt d'Gemengen elo méi Hëllefe solle kréie beim Wunnengsbau wier richteg, de Staat sollt als éischt emol déi Terraine bebauen, déi eidel stinn, betount de Jean-Paul Scheuren.
Amplaz Wunnengen ze verkafe misst de Staat Wunnenge verlounen, proposéiert de President vun der Chambre Immobilière nach.