D'Dafmass war dunn um dräi Auer a gouf vum Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich gehalen, och de Weibëschof Leo Wagener, de fréieren Äerzbëschof Fernand Franck an de Révérend Père Dom Michel Jorrot waren dobäi. Giedel vum klenge Prënz Charel ass d'Comtesse Gaëlle de Lannoy, Schwëster vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie, Pätter de Prënz Louis, den zweet jéngste Brudder vum Ierfgroussherzog Guillaume.
De Prënz Charel war den 10. Mee op d'Welt komm. Hie steet op der zweeter Plaz an der Trounfolleg hannert sengem Papp, dem Ierfgroussherzog Guillaume.