Radioen

On air

Notturno  |  Angel Olsen - Heart Shaped Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Präis vum Tubak geet an d'Luucht

Tubak

De Präis vum Tubak geet an d'Luucht

De Präis vum Tubak geet am Juli an d'Luucht, fir ee Pak vun 20 Zigaretten sinn et dann 20 Cent méi. Duerch déi Hausse wéilt een d'Präis Differenz mat de Nopeschlänner erofdrécken. Déi geplangten Hausse vun den Accisen op den Tubak wäert awer kaum een Afloss hunn op de Verkaf vun Tubak an op déi dach substantiell Steierrecetten.

auto_stories

2 min

Foto: Adobe Stock

Lauschterenplay_arrow


D'Taxen op d'Tubaksproduiten ewéi Zigaretten a lassenen Tubak stellen am Staatsbudget 4,7 Prozent vun de Recetten duer. Elleng bei den Accisen op den Tubak sinn zejoert 871 Milliounen Euro u Recetten zesummekomm, derbäi kënnt d'TVA déi nach eng Kéier 280 Milliounen erabréngt. Deemno bréngt de Verkaf vum Tubak a vun den Zigaretten eng Milliard an 151 Milliounen Euro u Recetten.

Präisverglach mam Ausland

Eng Hausse vun den Accisen op den Tubak, wéi se am Juli virgesinn ass, wäert de Verkaf eventuell a Richtung Däitschland beaflossen, ee Pak mat 20 Zigarette kascht zu Lëtzebuerg 4,7 Euro, an Däitschland läit den Tarif vun der bëllegster Mark bei 5,10 Euro, allerdéngs läit den Duerchschnëttpräis an Däitschland bei siwen Euro fir ee Pak vun 20 Zigaretten.

Vergläicht een de Präis mat der Belsch dann huet een do eng Differenz vun 2,41 Euro pro Pak a mat Frankräich ass den Differenziell nach méi evident, do kascht ee Pak vun 20 Zigaretten op mannst 10,3 Euro, dat heescht 5,6 Euro méi ewéi zu Lëtzebuerg.

Eng enorm Differenz am Präis gëtt et da beim Tubak fir Zigarette selwer ze dréinen, do läit de Lëtzebuerger Tarif bei 5,90 Euro fir ee Pak vu 50 Gramm an a Frankräich sinn et 23,67 Euro.

Bei sou en grousse Präisënnerscheeder wäert de Verkaf vun Tubaksproduiten hei zu Lëtzebuerg duerch eng Hausse vun den Accisen ëm 20 Cent net wierklech een Afloss hunn.