Pluriannuelle Budget vun der EU EU-Budget: Kee gëtt méi wéi e kritt
Déi Länner, déi soen, si géife méi an den EU-Budget erastiechen, wéi se iwwer EU-Suen zeréckkréien, erzielen nëmmen d'Hallschent vun der Wourecht, seet eis EU-Korrespondentin Danièle Weber.
De Sträit iwwer den Budget vun der Europäescher Unioun fir d'Joren 2021 bis 2027 geet virun. Wéi stinn d'Chancen, awer nach een Accord ze fannen?
De Premier Xavier Bettel huet net immens optimistesch geklongen no senger Entrevue mam Conseilspresident Charles Michel. Deen hat en Donneschdeg no engem Echange an der grousser Ronn d'Decisioun geholl, d'Cheffen eenzel ze gesinn.
Hien huet bilateral Gespréicher organiséiert a se, wéi een dat och nennt, een nom aneren an de Beichtstull geruff. Lëtzebuerg war hënt géint véier Auer un der Rei. D'Gespréicher hunn déi ganz Nuecht gedauert. An deenen iwwer 15 Stonne Verhandlungen ass ee sech awer wuel net vill méi no komm.
Wourun hänkt et haaptsächlech? Wat sinn déi Haaptsträitpunkten?
Vu datt et esou ausgesäit, datt een net vill virukoum, kann een dovun ausgoen, datt et déi selwecht Punkte si, wéi virun de Verhandlungen.
Haaptsträitpunkt ass d'Héicht vum Budget - a wou, wann et néideg ass, soll a ka gekierzt ginn.
Et ass effektiv all siwe Joer deen nämmlechten Exercice. Wat dës Kéier anescht ass, ass datt mat Groussbritannien ee vun deene Länner, déi am meeschten zu deem Budget bäigedroen hunn, d'EU verlooss huet. Dat huet natierlech alles e bëssen duerchernee gerëselt.
Mee et huet een trotzdeem een Déjà Vu bei den Diskussiounen iwwer dësen éischten Après-Brexit-Budget - well d'Sträitpunkte sinn net nei.
Si dréie vill ronderëm déi Länner, déi och als Netto-Contributeure bezeechent ginn, dat sinn déi Länner, déi méi an d'Bréisseler Keess bezuelen, wéi se duerno als Subsiden zeréckiwwerwise kréien.
An ënner deene gëtt et virun allem véier Länner, déi sech vehement géint ee méi héije Budget stäipen. Déi Länner ginn och déi "frugal four" genannt. Op Lëtzebuergesch kéint ee spuersam, oder vläicht och knéckeg soen. Si pochen drop, datt si op kee Fall méi kéinten an de Budget abezuelen
Dobäi sinn d'Termen, déi hei gebraucht ginn, wéi zum Beispill dee vum Netto-Contributeur, problematesch. An Däitschland gëtt och deels vu Geber- a Nehmerlänner geschwat. Dat kléngt, wéi wann déi eng, déi méi räich sinn, géifen een Don un déi maachen, déi ekonomesch méi schwaach sinn. Dat ass awer natierlech net de Fall. Kee Land ass an der EU a bezilt seng Beiträg aus renger Solidaritéit.
Bei där Rechnung gëtt dat, wat déi staark ekonomesch Länner aus dem europäesche Bannemarché erauszéien, guer net consideréiert. Dat sinn awer Suen, déi an déi national Ekonomie erafléissen. D'Europäesch Kommissioun huet probéiert dat ze chiffréieren, a wann een deen Tableau kuckt, presentéiert sech een anert Bild.
Där Rechnung no ass net ee Land derbäi, dat méi an d'EU abezuelt, wéi et erauskritt. An do sinn déi sougenannte Geberlänner duerchaus och déi, déi richteg vill iwwer de Bannemarché zeréckkréien.
Holland zum Beispill, wat zu deem Spuerclub gehéiert an ëmmer betount, et géif méi an d'Keess bezuelen, wéi et erauskritt, kritt där Rechnung no awer 12 Mol esou vill iwwer de Bannemarché eraus, wéi et an de Budget abezuelt.
Lëtzebuerg steet do och ganz gutt do - de Grand-Duché zitt aus der EU bal 15 Mol méi eraus, wéi en dra gestach huet.
Déi Rechnung awer maachen déi mannste Staats- a Regierungscheffen. Déi meescht ziele just dat op, wat si an de Budget eraginn a vergläichen et mat de Suen, déi iwwer direkt Subsiden zeréckkommen. An da gëtt festgestallt, datt een ze vill an d'Keess abezilt. Dat ass ee Message un d'Steierzueler doheem - et kéint een och soen, et wier liicht populistesch - well een net déi ganz Wouerecht erzielt.
Um Schluss gëtt et jo och nach d'Europaparlament dat seet, et wier mat deem, wat um Dësch läit, guer net d'Accord. Wéi eescht muss een dann déi Stëmm huelen?
Effektiv, souguer wann et ënner de Staats- a Regierungscheffen zu engem Accord kënnt, ass et nach net eriwwer. Well et gëtt duerno mam Parlament, dat dee Budget ofseene muss, viru verhandelt.
D'Parlament ass guer net d'Accord mat deem, wat um Dësch läit - a seet elo, net mat eis, mir wäerten net noginn.
Wéi eescht sollt een dat huelen?
Dat ass schwéier ze soen. Déi leschte Kéier ass d'Parlament ënner dem President Martin Schulz och zimmlech determinéiert opgetrueden - huet sech duerno awer mat zimmlech wéineg zefridde ginn.
Allerdéngs ginn et elo aner Majoritéitsverhältnisser am Parlament an d'Europadeputéiert sinn aus ganz verschiddene Grënn géint de Budget. Dat heescht, si kéinte sech do an enger breeder Oppositioun zesummen dinn - wat jo elo scho geschitt ass - wéi si hir Positioun ausgeschafft hunn. Dës Positioun gëtt effektiv vun enger breeder Majoritéit queesch duerch d'Parteie gedroen. Do wäert et op alle Fall also och zu haarde Verhandlunge kommen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.