Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Pressyes - Moving On

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Pensiounsfong schléisst dat lescht Joer mat engem Minus of

Gesellschaft

De Pensiounsfong schléisst dat lescht Joer mat engem Minus of

Déi aktuell Zënspolitik vun der europäescher Zentralbank huet en negativen Impakt op de Marché vun den Aktien an Obligatioune gehat, mee generell war 2022 fir Investisseure kee gutt Joer, sou de Fonds de compensation a sengem Joresrapport. De Gestionnaire vum Portefeuille vun de Pensiounsreserven huet dann och 2022 mat engem zolitten Defizit ofgeschloss.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Déi héich Inflatioun, den Zënstaux an déi schwaach Ekonomie hunn en ganz negatiivt Ëmfeld fir Investisseure geschaf, sou de Fonds de compensation. Dobäi kënnt, datt déi amerikanesch Zentralbank am zweete Semester 2022 Zënsschrëtt nogeholl huet wat de weltwäite Wuesstem weider agebremst huet. Et koum dunn zu schwéiere Perten am Marché vun den Titren a vum Kredit.

Ma och bei den Aktië gouf et 2022 zolitt Perten, sämtlech wichteg Aktienindexen hunn am zweestellege Beräich noginn.

Defizit bei de Sicaven

De Fonds de compensation huet an dem schwieregen Ëmfeld 52 Milliounen Euro u Recettë generéiert bei Fonctionnementskäschte vun 23 Milliounen. Déi schwéier Laascht kënnt awer aus dem Beräich vun de Sicaven, also den Investissementsgesellschafte mat variabelem Kapital, hei bleift um Enn en Defizit vun 3,15 Milliarden Euro. De Rendement vum exzellente Joer 2021 gouf domadder komplett neutraliséiert.

Op den 31. Dezember 2022 beleeft sech d'Gesamtreserv vum Pensiounsfong op 24,54 Milliarden Euro, dat ass 4,29 mol d'Zomm vun dem wat an engem Joer u Prestatiounen ausbezuelt gëtt.

Zwee Prozent an erneierbar Energies

Nieft de Sanktioune géint Russland war 2022 awer och vun engem Strategiechangement markéiert. Et géif een d'Gelder aus der Pensiounsfong méi nohalteg investéieren an d'Prinzippie vun de Vereenten Natiounen an den Engagement vun den Entreprisë vis-à-vis vun den CO2-Emissiounen als Krittären huelen. Dofir gouf och en zweeten Investment-Kompartiment geschaf. Domat ginn zwee Prozent vum Gesamtfong an d'Infrastruktur fir erneierbar Energien investéiert.