"Ech sinn do radikal dogéint fir eppes ze änneren par rapport zum Autofueren. Och wann dat legal gëtt, am Auto ass et tabu, an den Auto soll ee fueren, wann een net ënner Droge steet, egal wat fir eng dass et ass."
Hie wier radikal dogéint fir un de Grenzwäerter eppes ze änneren, sot de Mobilitéitsminister François Bausch de leschte Mount op enger Pressekonferenz iwwer d'Accidenter op de Stroossen. Elo ass d'Gesetz gestëmmt - de Cannabiskonsum doheem an den eegene véier Wänn ass geschwënn erlaabt.
Datt de Code de la Route doropshin net verännert soll ginn, begréisst d'Isabelle Medinger vun der Securité Routière.
"Mir mussen do eng reglementär Schinn fueren"
Den aktuell toleréierten THC-Taux vun engem Nanogramm pro Milimeter Blutt hat fir Diskussioune gesuergt. Dee Wäert kann nämlech och méi Stonnen, respektiv souguer Deeg nom eigentleche Konsum am Blutt ze fanne sinn. Den Ofbau vu Cannabis am Blutt ass jee no Persoun ënnerschiddlech an net esou linear wéi beim Alkohol zum Beispill. Et kann een also net selwer rausfannen, op ee Méindes däerf den Auto huelen, wann een zum Beispill Freides gefëmmt huet.
D'Isabelle Medinger betount, datt just dann Drogen-Tester duerchgefouert ginn, wa "signes manifestes" also däitlech Unzeechen ze erkenne sinn.
"Mir mussen do eng reglementär Schinn fueren. Verschidde Leit kënnen och nach gutt Auto fueren, wa se ee Promill hunn, mir kënnen awer dofir net d'Grenz erop setzen."
An der Belsch gëtt de selwechte Grenzwäert vun engem Nanogramm pro Milliliter Blutt; den Ënnerscheet besteet awer doran, datt wéinstens dräi däitlech Unzeechen mussen ze erkenne sinn, iert eng Droge-Kontroll dierf duerchgefouert ginn. An Holland gi bis zu dräi Nanogramm pro Milliliter Blutt hannert dem Steier toleréiert, ausser et steet een och ënner Alkoholafloss - da läit de Grenzwäert och bei engem Nanogramm.