Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Marché vum Kokain

Drogen

De Marché vum Kokain

No jorelaangem Réckgang gëtt nees méi Kokain konsuméiert, mellen d'Drogen-Opsiichten op nationalem, europäeschem a globalem Niveau. Ursaach wier méi eng héich Produktioun an eng verännert Nofro.

auto_stories

3 min

West-Europa ass no Nord-Amerika deen zweet-gréisste Marché fir Kokain. Zënter gutt 20 Joer gëtt et der Europäescher Drogen-Opsiicht no e Massemarché. Dem Expert Laurent Laniel no kéint een dat virun allem duerch déi sozio-kulturell Proximitéit mat den USA an déi historesch a geographesch Liene mat Südamerika erklären.

D'Staaten a Südamerika wiere gréisstendeels fréier Kolonië vun europäesche Länner wéi Portugal a Spuenien. "Haut bestinn nach ëmmer besonnesch enk kommerziell Verbindungen tëscht dëse Länner." Dat géif erklären, firwat Portugal a Spuenien zwee vun den Accès Punkte fir de Kokain an Europa wieren, seet de Laurent Laniel.

Zerstéierung vu Coca-Felder

2000 war bis elo dat bescht Joer fir Kokain, duerno sinn de Verkaf an de Konsum während iwwer zéng Joer erofgaangen. Ënnert anerem, well déi kolumbianesch Regierung mat Hëllef vun de Vereenegte Staate systematesch Coca-Felder zerstéiert huet. Viru ronn siwe Joer huet sech d'Approche vun der kolumbianescher Regierung awer geännert, seet d'Chloé Carpentier, Expertin vun der UNO. Och an Europa géif et eng Diskussioun ginn iwwer d'Schiedlechkeet vum Produit, dee fir dës Zerstéierung géif benotzt ginn. "Ech weess net, ob dat d'Haaptursaach ass, mä dës Method huet ëmmer méi ofgeholl."

Zënterdeem huet d'Kultivatioun vu Coca-Planzen a Kolumbien ëm 30 Prozent zougeholl. Doduerch wier erëm méi Kokain op den nord-amerikaneschen an den europäesche Marché komm. Den Transport vu Kokain vu Südamerika Richtung Europa op Containerschëffer wier och méi effikass ginn, mengt de Laurent Laniel vun der Europäescher Drogen-Opsiicht. Ursaach wier virun allem d'Globalisatioun.

"D'Kontrolle si vill méi schwéier ze realiséieren. Mir mengen, datt duerch d'Hausse vum Container Trafic d'Saisien, awer och d'Disponibilitéit vum Kokain an Europa an d'Luucht geet."

D'Europäesch Drogen-Opsiicht konnt och feststellen, datt d'Qualitéit vum Kokain besser ginn ass, während de Präis erofgaangen ass. De Kokain géif a Konkurrenz mat aneren Droge stoen, wéi Extasy an Amphetamin, seet de Laurent Laniel.

Kokain Konsum hëlt bei ofhängege Mënschen zou

An Europa géif Kokain haaptsächlech fir rekreativ Zwecker benotzt ginn. Zu Lëtzebuerg wier d'Problematik awer eng aner. D'Qualitéit vun der Drog wier erofgaangen an de de Prozentsaz vum Konsum an der allgemenger Gesellschaft géif bei 0,6% leien. Hei am Land hätt de Kokain-Konsum virun allem bei ofhängege Mënschen zougeholl, seet den Dr. Alain Origer, Drogen-Expert beim Gesondheetsministère.

An dësem Fall ass d'Relatioun tëschent dem Client an deem, deen d'Droge verkeeft, anescht. Wann d'Leit bis ofhängeg wieren, géif ëmmer méi "geschnidde" ginn, seet den Dr. Alain Origer. A sengen Ae wier Kokain hei am Land awer nach méi reng wéi Heroin.

"Wann een Heroin kuckt, wat do nach dran ass an enger Bull. Dat sinn nach 17 Prozent Heroin am Duerchschnëtt an de Recht si Schneidmëttel vu Paracetamol, Kafféin bis allméiglech Saachen."

Hausse vun Infektiounskrankheeten

Dem Alain Origer no géifen zu Lëtzebuerg déi meeschte Leit Kokain kafen, well et dat ass, wat si deen Ament kréien. Si géifen d'Drog dacks intravenös konsuméieren. Kokain misst een awer méi dacks sprëtze wéi Heroin, well "d'Wierkungsfënster méi kleng ass", seet den Drogen-Expert beim Gesondheetsministère.

"Dat heescht do si Leit, déi bis zwielefmol am Dag mussen eng Sprëtz an den Aarm drécken, wat definitiv een Impakt op infectuös Krankheeten huet, déi doduerch iwwerdroe ginn. An dofir hu mir och zu Lëtzebuerg e Streefeier vun neien Infektioune bei den Drogenofhängegen. Mir leie mëttlerweil bei 30 Prozent vun den Neiinfektiounen am HIV."

Engersäits huet also d'Quantitéit vun Drogen, déi um Marché ze kréie sinn, en Afloss op d'Verhale vun de Clienten. Anerersäits huet d'Konsumverhale vun de Clienten awer och en Impakt op d'Qualitéit vun der Drog.