Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Destroyer - It Takes A Thief

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Marché muss gebrach ginn"

Logement

"De Marché muss gebrach ginn"

Den Direkter vun der "Agence immobilière sociale" fuerdert gedeckelt Loyeren an d'Zwangsverpachtung vun Terrainen, fir déi héich Logementspräisser an de Grëff ze kréien. D'AIS geréiert 366 Wunnenge vu Proprietaire fir Leit mat niddrege Revenuen.

auto_stories

2 min

Gilles Hempel

"Mir schätzen, datt am Land 10.000 bis 20.000 Wunnengen dauerhaft eidel stinn", seet de Gilles Hempel. Dat wiere Wunnengen, wou Proprietairë frou sinn, wann d'AIS sech drëm géing këmmeren. Déi Proprietairë wéilten net op den éischte Wunnengsmaart goen.

Während dräi Joer kréien d'Locatairë bei der AIS d'Méiglechkeet, fir sech finanziell ze stabiliséieren, fir duerno um éischte Wunnengsmaart e Logement ze fannen. Eng Zwee-Zëmmer-Wunneng kascht bei der AIS ëm 750 Euro de Mount - egal wou een am Land wunnt. Dat ass bis zu zwee Drëttel méi bëlleg, wéi um reguläre Marché.

Iwwert 1.000 Famillen op der Waardelëscht

D'Agence immobilière sociale geréiert aktuell 366 Wunnengen, an deenen 1.300 Persoune liewen. Op der Waardelëscht vun der AIS sinn zousätzlech 1.000 Famillen ageschriwwen. "Et sinn nach vill méi Leit, déi eng Wunneng brauchen, an net nëmmen déi Schwächst", seet de Gilles Hempel.

Dernieft huet d'AIS d'Gestion vum Parc vun de "Logements de 2e phase" vum OLAI iwwerholl. Dat sinn eng 70 Wunnenge fir Flüchtlingen, déi de "Statut de protection internationale" kritt hunn.

Zu Lëtzebuerg si just zwee Prozent vum Wunnengsmaart soziale Wunnraum, seet de Gilles Hempel. An anere Länner léich dee Prozentsaz vill méi héich - bei 10, 20 an esouguer 30 Prozent. Et misst een Effort gemaach ginn, fir vill méi an de "Locatif social" z'investéieren, seet den Direkter vun der AIS.

"Interventionismus" um Wunnengsmaart

D'Loyerspräisser misste gedeckelt ginn, seet de Gilles Hempel. Doriwwer eraus wier d'Situatioun um Wunnengsmaart esou schlëmm, datt een net méi toleréiere kéint, datt grouss Proprietairen hir Terrainen als Finanzprodukt benotzen. Dat wär awer aktuell de Fall.

Dem Gilles Hempel no missten Zwangsverpachtungen agefouert ginn - e Genre Bail emphytéotique, mat deene Proprietairë gezwonge ginn, fir hir Terrainen op de Marché ze bréngen. Op deenen Terraine géifen da Wunnenge gebaut ginn, an d'Proprietairë géifen e Loyer kréie fir den Terrain.

"Ouni Tabu muss all Méiglechkeet diskutéiert kënne ginn", seet de Gilles Hempel.