arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Marc Spautz hält als CSV-President op

CSV-Parteispëtzt

|
reading time

1 min

De Marc Spautz hält als CSV-President op

De Marc Spautz hält als CSV-President op. Dat huet hien de Moien op RTL ugekënnegt. Hie wéilt de Posten net nach fir zwee weider Jore blockéieren, mee eng nei Equipe soll direkt kënnen ufänke fir fënnef Joer Zäit ze hu fir bis bei déi nächst Chamberwahlen Akzenter ze setzen, erkläert de Marc Spautz am 100,7-Interview.

reading time

1 min

Op d'Fro, ob dës Decisioun seng perséinlech Konsequenz aus dem CSV-Wahlresultat vum 14. Oktober ass, huet de Marc Spautz gesot, et misst een esou éierlech sinn, an deene Leit d'Méiglechkeet gi fir "eppes anescht ze maachen". Gläichzäiteg weist de Marc Spautz op säi gutt perséinlecht Resultat hin.

Wie säi Favorit ass fir de 26. Januar 2019 säin Nofolger als CSV-President ze ginn, wollt de Marc Spautz de Moien net soen. Fir hie wier et awer wichteg, datt seng Partei e soziale Profil géif behalen, an datt et net zu engem Rietsruck kéim.

De Marc Spautz ass zanter Ufank 2014 CSV-Parteipresident. Hien hätt fir e weidert Mandat vun zwee Joer kënne kandidéieren.


De Marc Spautz am Interview beim Serge Kesseler:

play_arrow Lauschteren