Radioen

On air

Resonanzen  |  Josef Myslivecek - Concerto fir Cello an Do Majeur, III. Tempo di minuetto - Wendy Warner (Cello), Camerata Chicago, Drostan Hall (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Macron verléisst Moskau a Kiew ouni Accord

Ukrain-Kris

De Macron verléisst Moskau a Kiew ouni Accord

De franséische President Emmanuel Macron huet gëschter Kiew verlooss, ouni en Accord ze fannen am Sträit em d'Ukrain. Mee de russesche President Wladimir Putin soll dem Macron gesot hunn, datt hien d'Kris net weider eskaléiere wäert.

auto_stories

2 min

De franséische President Emmanuel Macron. Foto: picture alliance / Soeren Stache / dpa

Lauschterenplay_arrow


De franséische President ass nach gëschter Owend direkt vu Kiew op Berlin gereest fir do nach eng Kéier seng Rees a Russland an an der Ukrain ze resuméieren. Den däitsche Kanzler Olaf Scholz war zur nämmlechter Zäit zu Washington beim US-President Joe Biden.

Si dräi wëllen un engem Strang zéien, mee et ass den Emmanuel Macron, deen aus dëser Ronn Diplomatie als eng Zort Vermëttler ervirkënnt.

De russesche President Wladimir Putin, esou de Macron selwer, soll him gesot hunn, et géif keng permanent russesch militäresch Presenz a Wäissrussland ginn, an datt eng Eskalatioun net geplangt ass.

Russland seet jo schonn zanter dem Ufank vum massiven Opbau vun Truppen op de russeschen a wäissrussesche Grenze mat der Ukrain, datt eng Invasioun net geplangt ass. Et soll a Wäissrussland just zu Militärübunge kommen, bal de ganze Februar laang.

Mee iwwer 100.000 Truppe sinn elo schonn ëm d'Ukrain stationéiert. Et sinn haaptsächlech d'USA, déi ëmmer nees warnen, datt eng Invasioun zu all Moment kéint kommen.

De Macron sot zu Kiew, datt eng Rei Propositiounen aus senger Reunioun mam Putin ervirkomm sinn. Et misst een elo séier schaffen, esou datt d'Situatioun net weider eskaléiere géif, seet de franséische President zu Kiew.