Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Luc Frieden ass CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen

Nom Nationalrot

De Luc Frieden ass CSV-Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen

De Luc Frieden gouf vum CSV Nationalrot als Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen designéiert. Gëschter Owend hu 77 Parteimembere vum Nationalrot fir seng Kandidatur gestëmmt. Zwee Memberen hu sech enthalen. D'Parteipresidente Claude Wiseler an Elisabeth Margue haten de fréiere Finanzminister als eenzege Kandidat, virop wéinst senger Experienz, proposéiert. De Luc Frieden wier frou a beandrockt datt hie seng Partei am Oktober an d'Wale kéint guidéieren, sot hie gëschter Owend.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Hie wier bereet Responsabilitéit ze iwwerhuelen an d'Land an schwieregen Zäiten an d'Zukunft ze féieren. Déi aktuell Erausfuderunge wieren grouss. Ënnert anerem mam Krich an Europa, den héijen Energiekäschten an der héijer Inflatioun, esou den neie CSV Spëtzekandidat.

"An an deem Moment ass d'CSV als grouss Partei vun der Mëtt gefuerdert fir sech anzesetze fir d'Leit. Fir d'Suergen eescht ze huelen a fir konkret Propositiounen ze maachen. Wéi ee kann gesond Staatsfinanze bäibehalen, wéi ee kann e staarke Sozialstaat schafen an ausbauen?"

Fir datt de Sozialstaat awer gutt fonctionnéiere kéint, missten d'Betriber gutt fonctionnéieren a sech virun entwéckelen, sou de Luc Frieden.

Duerch seng Experienzen an de Betriber an als President vun der Chambre de Commerce géif de Luc Frieden, eegenen Aussoen no, och d'Schwieregkeete vun den Entreprise kennen.

"Autorisatiounen déi ze laang daueren. Hëllefen déi net zum richtege Moment kommen. An dofir hätt ech gären, datt mir eis em all déi Froen hei këmmeren."

L. Frieden: Wäert mech voll a ganz op d'Politik konzentréieren

Dëse Posten sou wéi all seng aner Mandater wäert de Luc Frieden awer an den nächste Méint opgi fir sech eegenen Aussoen no voll a ganz op seng Tâche als Spëtzekandidat ze konzentréieren. Hie wéilt eng equilibréiert Equipe aus Leit mat Experienz an neie Gesichter zesumme stellen. Den neie CSV Spëtzekandidat huet dann och verséchert datt hien am Fall wou seng Partei et och no 10 Joer net géif an d'Regierung packen, hien dës Kéier awer mat an d'Oppositioun an d'Chamber géif goen.

"Firwat ech dat lescht kéier net gemaach hunn hat virun allem domadder ze doen datt ee bësse wollt nei Energie, frësche Wand optanken goen. An dofir hunn ech dat gemaach. Net datt ech d'Parlament net interessant fannen. Mee ech hu missten eng nei Säit opleeën a mengem Liewen."

Elo muss nach den CSV-Kongress de 25. Mäerz Decisioun vum Luc Frieden als Spëtzekandidat guttheeschen.