Radioen

On air

Notturno  |  Ninajirachi - Things I Never Nu

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Logement an de Wahlprogrammer

Chamberwahlen 2018

De Logement an de Wahlprogrammer

D'Problemer vum Wunnengsmaart an de Grëff ze kréien, dat versprieche vu lénks no riets all d'Parteien an dësem Wahlkampf. Och am Choix vun de Mesurë leien d'Programmer zum Deel no beieneen. Nëmme vereenzelt Mesurë stiechen eraus, fënnt d'Christiane Kleer an enger Analys.

auto_stories

4 min

Méi bauen an doduerch d'Präisser drécken - dat ass de roude Fuedem, dee sech duerch all d'Wahlprogrammer zitt. Just: wéi soll dat, wat an de leschte Joerzéngten net geschitt ass, elo op eemol méiglech gemaach ginn? Proposéiert gëtt:

Duerch d'Mobiliséiere vun Terrainen a existentem Wunnraum

CSV, DP an déi gréng sprangen op den LSAP-Zuch op a setzen sech fir d'Schafe vu sougenannte Baulandverträg an. Dës Kontrakter sollen d'Propriétairë vu Bau-Terrainen dozou verflichten dorop bannent enger gewësser Zäit och tatsächlech ze bauen. En entspriechende Gesetzprojet vum LSAP-Inneminister Dan Kersch läit vir, ass awer nach net duerch d'Chamber. Wéi déi eenzel Parteie sech hir Baulandverträg konkret virstellen, soen si an de Programmer net. Erkläertent Zil soll vun der Mesure ass et, d'Spekulatioun manner intressant ze maachen.

D'LSAP ass déi eenzeg Partei déi sech kloer fir d'Méiglechkeet ausschwätzt Propriétairen ze enteegnen, déi aus Spekulatiounsgrënn op hirem Terraine sëtzebleiwen - a mam Versprieche vun enger Kompensatioun. Fir ënner anerem d'DP an d'ADR ass d'Enteegnung Tabu. Fir d'CSV soll se wann nëmme méiglech evitéiert ginn. D'DP proposéiert awer, datt de Staat Terrainen déi broochleie kéint lounen.

Duerch steierlech Mesuren

D'Grondsteier muss reforméiert ginn, doriwwer si quasi all d'Parteien sech eens, vill Detailer gëtt een dozou an de Programmer awer net gewuer. DP, ADR, déi Lénk an déi Konservativ schwätzen sech dofir aus, Propriétairen déi an hirem eegene Logement wunnen, vun där Steier ze befreien. D'LSAP plaidéiert dofir, eleng d'Grondstéck ze besteieren an net d'Wunn- oder Notzfläch déi drop stinn. Doriwwer eraus versprécht d'LSAP d'Menagen déi duerch dës Reform eventuell méi staark géife belaascht ginn iwwer eng allgemeng Steierreform erëm ze entlaaschten.

Déi sozialistesch Partei geet a Saache Steieren awer nach méi wäit a proposéiert, sou wéi déi kommunistesch Partei, d'Aféiere vun enger Spekulatiounssteier op eidele Wunnengen an Haiser, grad wéi op Terrainen déi brooch leien. Och d'Valeur-Ajoutéeën déi duerch de Besëtz vu Wunnraum entstinn, sollen dem LSAP-Programm no besteiert ginn, Detailer ginn et keng. D'DP fäert notamment datt eng Spekulatiounstax nach weider Spannungen um Wunnengsmaart kéint ausléisen. Déi Lénk da proposéiert eng Gemengesteier ze erhiewen op Wunnengen, déi méi wéi ee Joer laang ouni gudde Grond eidel stinn.

Duerch d'Fërdere vun der Locatioun an dem sozialem Wunnengsbau

Et feelt un Sozial-Wunnengen an dee Problem verspriechen d'Parteien all an d'Hand ze huelen. D'ADR leet sech op 5 Prozent sozial Wunnengen an all Gemeng fest a wëll bei grousse Projeten den Taux vu subventionnéiertem Wunnraum eropsetzen. D'DP gëtt an hirem Programm ze verstoen, datt de Staat net an éischter Linn d'Roll vum soziale Promoteur soll spillen. Vill méi wëll een d'Aktivitéit vun Organisme wéi der Agence Immobilière Sociale weiderhin ënnerstëtzen An d'Gemengen incitéiere méi aktiv am soziale Wunnengsbau ze ginn. D'CSV, grad wéi d'Piraten, schléissen donieft private Solzialwunnengsbau net aus - ad'CSV preziséiert, datt déi Logementer awer da 25 Joer laang net dierfe verkaaft ginn. D'LSAP grad wéi d'Pirate sinn der Meenung datt sozial Wunnenge guer net zum Verkaf dierfte stoen, déi gréng an déi lénk weiden des Verkafs-Spär op ëffentlech Wunnengen am Allgemengen aus.

Grad an dësem Beräich vum Wunnengsbau sinn et klassescherweis déi lénk Parteien, déi hei de Staat an der Flicht gesinn, déi méi konkrete Proposë liwweren, zum Beispill wann et ëm de verstäerkte Bau vun ëffentleche Mietwunnengen an. D'KPL schwätzt konkret vu 50.000 Stéck. D'LSAP, déi Lénk, d'KPL an och déi Lénk schwätzte sech kloer fir bessere Schutz vun de Locatairen schwätzen aus. D'KPL an och d'CSV setzen sech iwwregens och nach fir de Mietkauf an, also d'Méiglechkeet no an no iwwert ee Loyer Proriétaire vun enger Wunneng ze ginn. Ze ernimmen ass och nach d'Propose vun der ADR fir de Portage foncier, also d'Méiglechkeet den Terrain, wou ee Logement drop steet, eréischt ze bezuelen wann de Bau ofbezuelt ass.

Déi gréng an d'ADR wëllen iwwregens d'Recht op Wunnen an der Verfassung verankeren, déi Lénk optéiere fir d'Formulatioun "Eigentum verpflichtet".

Duerch beroden a vereinfachen

Ee weidere Constat schielt sech aus der Majoritéit vun de Programmer eraus: besonnesch an de Gemenge feelt et u Know-How fir d'Wunnengsbaumesurë konkret ze plangen. D'CSV proposéiert dofir eng privatrechtlech Berodungsgesellschaft an d'Liewen ze ruffen, déi de Gemengen zur Säit soll stoen. Bei der DP ass et ee Pool u Beroder. Déi Lénk wëllen ee Service public de l'habitat schafen, dee fir d'Ëmsetzung an d'Koordinatioun vun ëffentleche Locatiounsprojete soll zoustänneg sinn. Prinzipiell si queesch duerch d'Programmer vill Kritiken un laangwierege Prozeduren ze liesen. D'CSV plaidéiert dofir fir eng Reform vum Naturschutzgesetz. D'DP wëll all d'Verwaltungen déi de Logement traitéieren - also och Deeler vum Ëmwelt a vum Inneministère - ënnert een Dag bréngen.