Radioen

On air

Notturno  |  Tiago Caetano - Só Quero Viver

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Lëtzebuerger Gesondheetssystem soll konsequent digitaliséiert ginn

Santé

De Lëtzebuerger Gesondheetssystem soll konsequent digitaliséiert ginn

Wat bis elo nëmme stéckelcherweis gelongen ass, soll mam sougenannten Health Information Service méi konkret ginn. Zil ass eng eenzeg digital Plattform fir sämtlech medezinesch Acteuren am Land, vun der Dokteschpraxis bis zum Spidol an de Pfleecheheemer ze kreéieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Ziel ass eng eenzeg digital Plattform fir sämtlech medezinesch Acteuren am Land, vun der Dokteschpraxis bis zum Spidol an de Pfleecheheemer. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert erwaart sech hei virun allem Avantagë fir de Patient.

"Dann huet ee vill méi koherent Date ronderëm de Patient, de Patient huet am Fong all seng Donnéeë beieneen. Et kann een de Parcours genau novollzéie wou e war, wéi eng Analyse gemaach gi sinn, wéi eng Medikamenter e kritt an esou weider, dat heescht dat gëtt wierklech e grousse Plus u Qualitéit, et wäert Doublonen evitéieren, et huet een direkt en Iwwerbléck iwwer den Historique vum Patient wann een dat ka beienee bréngen."

Aarbecht gëtt vereinfacht

Och d'Aarbecht vun de Professionellen aus der Santé gëtt däitlech vereinfacht. Donieft kënnen déi anonymiséiert Donnéeën der Fuerschung an der europäescher Gesondheetsdatebank zur Verfügung gestallt ginn.

En zweete Volet betrëfft d'Schafe vun enger zentraler Akafs- a Logistikstrukur fir Medikamenter a medezinescht Material. Wärend der Pandemie war kloer ginn, dat déi sëllege méi kleng a lokal Tëschelager an de Spideeler oder Dokteschpraxen nët effizient waren, wéi de Xavier Poos vun der Santé erkläert.

"Mir mussen den Achat, wéi och dee Stockage, wéi och déi Logistik endlech zesumme leeën, sou grouss ass onst Land nët, dat huet à moyen oder long terme kee Wäert méi dass jiddwereen dat eenzel a sengem Eck mécht, komm mir maaachen dat zesummen."

Mat der gemeinsamer Akafszentral déi soll op Suessem kommen erwaart een sech besser Akafspräisser, Plazerspuernis an eng besser Gestioun vun de Reserven. Dat gëllt virun allem fir Krisenzäiten.