Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Beiebestand erhëlt sech

Natur an Ëmwelt

De Lëtzebuerger Beiebestand erhëlt sech

An de leschte Joerzéngten ass d'Zuel vu Beienziichter a Beiestäck zeréck gaangen. 2013 war déi Zuel souguer op engem historeschen Déif, nodeems een iwwert de Wanter 34 Prozent Verloschter gemaach hat. Zanter 2014 verbessere sech déi Zuelen nees, well konkret Efforten an déi Richtung gemaach goufen. Dat geet aus der Äntwert vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen op eng deementspriechend Fro vun den DP-Deputéierten André Bauler a Max Hahn ervir

auto_stories

2 min

Foto: wiki commons

Fir dat aktuellt Joer konnt d'Veterinärsinspektioun 6.582 Beiestäck enregistréieren, déi vu 407 Beienziichter gehale ginn. Dat si méi wéi 1000 Beievëlker méi, wéi nach viru fënnef Joer. D'Zuel vun den Imker ass konstant an d'Luucht gaangen. Déi Verbesserung wier dorop zeréck ze féieren, datt sech d'Verbänn vun de Beienziichter, no de signifikante Verloschter am Wanter 2012/13, mobiliséiert hätten, fir där schlechter Situatioun entgéint ze wierken, sou de Landwirtschaftsminister Fernand Etgena senger Äntwert.

Et wiere grouss Efforte gemaach ginn, fir nei Imker ze rekrutéieren. Mat där finanzieller Hëllef vum Ministère hätt d'Lëtzebuerger Federatioun vun de Beienziichter och d'Formatioun kënne professionaliséieren, andeems ee spezialiséierte Beroder engagéiert gi wier.

Beienziichter ginn

D'Formatioun fir Beienziichter ze ginn besteet aus engem theoreteschem Deel, deen op nationalem Niveau ofgehale gëtt. An engem zweeten, prakteschen Deel, fannen a Collaboratioun mat de lokalen Organisatioune Coursen am 2-Woche-Rhythmus statt. All Joer huelen ronn 60 Leit un deenen Coursen deel.

Fir scho méi experimentéiert Imker ginn och Weiderbildungscoursen organiséiert. Iwwert d'Beienzeitung, den Internetsite apis.lu a Colloquë kënnen déi Concernéiert sech och jidderzäit iwwert de Sujet vun der Beienziichterei informéieren. Am Prinzip sinn alleguerten déi Formatioune gratis.

De Landwirtschaftsminister betount weider, datt wann och an der Vergaangenheet vill Imker duerch d'Beiestierwen decouragéiert gi wieren, déi staark Thematiséierung vun deem Problem an de Medien nees méi Leit dozou beweegt hätt, fir sech an d'Beienziichterei ze lancéieren. Fir vill vun hinnen, wier den ekologeschen Aspekt deemno méi wichteg, ewéi deen ekonomeschen.