E puer Deeg virun dësem Ugrëff hat Russland gewarnt, datt den Transport vu Waffen aus dem Ausland an d'Ukrain och Ziler vu russeschen Ugrëffer kéinte sinn. Effektiv kritt déi ukrainesch Arméi vill Waffe geliwwert, vu NATO-Memberlänner, an déi mussen aus dem Weste kommen. Déi meescht héchstwarscheinlech iwwer déi polnesch Grenz. Och Auslänner, déi der Ukrain am Krich hëllefe wëllen a géint Russe kämpfe wëllen, fannen de Wee duerch Polen an d'Ukrain.
Russland schéngt mam Ugrëff am Weste vum Land wëlle weisen, datt et domadder soll duer goen.
D'Militärbasis an der Géigend vu Lwiw gouf virun der russescher Invasioun fir den Training vun ukraineschen Zaldote benotzt. Forméiert goufen si an der Vergaangenheet och vun der NATO, a vun den amerikaneschen Zaldoten. Si waren all virun der Invasioun ofgereest.
Krich ass am Westen ukomm
De Krich ass also am Weste vum Land ukomm, an enger Géigend wou d'Leit sech méi sécher fillen, och elo nach. Stied goufen nach keng bombardéiert, just Militärziler. Honnertdausende Flüchtlingen hunn de Wee schonn an des Géigend fonnt fir entweder zu Lwiw ze bleiwen, oder an deene meeschte Fäll, an d'Ausland ze reesen. D'Leit hei am Weste sinn awer elo nervös, hunn Angscht, datt et och hei zu enger weiderer Eskalatioun kéint kommen.
No dësem Ugrëff ruffen d'Leit hei, mee och de Rescht vun der ukrainescher Bevëlkerung, an d'Regierung, d'NATO op e Fluchverbuet anzeféieren - eng Demande, déi schonn dacks kloer vun der NATO rejetéiert gouf.