Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nothing But Thieves - Keeping You Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Middegkeet als Konsequenz vun onstabillen Déngschtpläng

Middegkeet bei Piloten zu Lëtzebuerg

Middegkeet als Konsequenz vun onstabillen Déngschtpläng

Bei villen europäeschen Fluggesellschaften gëtt de Risque vun der Middegkeet vu Piloten net gutt géréiert, esou d'Etüd vun der Europäescher "Cockpit Association". Och Pilote vun de Lëtzebuerger Airlines hunn enger Etüd no net ëmmer genuch Zäit fir sech tëscht Fuchperioden ze erhuelen. Et gëtt awer ee Facteur, dee fir d'Piloten zu Lëtzebuerg schwätzt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Lëtzebuerger Piloten-Associatioun kritt vun hire Memberen ëmmer erëm d'Réckmeldung, datt et zu kuerzfristeg Ännerungen an den Déngschtpläng kënnt.

Vill Ännerunge vum Déngschtplang

Dat wier awer net iwwer dat ganzt Joer de Fall, erkläert de Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Piloten-Associatioun Dirk Becker.

"Da muss man natürlich auch unterscheiden, ob es in einer Hochsaison-Periode ist, oder in einer weniger aktiven Periode. Aber tendenziell, gerade wenn wir uns den Passagier-Flubgetrieb ansehen, da sehen wir doch sehr viele Dienstplanänderungen, die unsere Mitglieder dann mittragen müssen."

Een onstabillen Déngschtplang hätt net nëmmen een Afloss op d'Privatliewe vun de Piloten, mee och op d'Erhuelungs-Phasen tëschent de Fluchperioden.

Méi Risque bei Low-Cost-Airlines

Trotzdeem hätten d'Lëtzebuerger Piloten e Virdeel: Si bräichte sech keng Suergen ze maachen Bescheed ze soen, wann d'Middegkeet hinnen ze schafe mécht, erkläert den Dirk Becker.

"Das spricht natürlich dafür, dass normale Arbeitsverhältnisse, wie wir es in Luxemburg haben, dass Piloten bei einer Fluggesselschaft fest angestellt sind, unter einem Kollektivvertrag angestellt sind, und den Schutz eines Arbeitsrechts geniessen, dass die da natürlich eher bereit sind zu sagen, ich habe ein Fatigue-Problem und diesen Flug nicht durchzuführen."

Bei Piloten, déi fir Low-Cost-Fluggesellschafte schaffen, wier dat oft anescht: Si hätte keng esou gutt Aarbechtskonditiounen an hätten deemno éischter Bedenken, hir Middegkeet ze mellen an ee Fluch auszeloossen, aus Angscht net bezuelt ze ginn, oder gekënnegt ze kréien, sou nach den Dirk Becker vun der Lëtzebuerger Piloten-Associatioun.