De Joseph Kinsch huet säi Liewe beim Stolproduzent verbruecht, zanter den 60er Joren huet hie schonn do geschafft. An den 90er Jore gouf hie President vun der ARBED. Et war déi Zäit, an där de Lëtzebuerger Stolproduzent zu engem vun de gréisste vun der Welt gouf.
Ënner dem Joseph Kinsch koum et zur Fusioun mat Aceralia an Usinor: aus der Arbed gouf domat d'Arcelor. De Joseph Kinsch huet dono och mat Mittal Steel verhandelt, déi 2006 eng feindlech Offer gemaach hate fir d'Arcelor ze iwwerhuelen.
No dëse schwierege Gespréicher gouf aus der Arcelor - Arcelor Mittal. De Joseph Kinsch hat duerchgesat, datt de Siège vum Konzern géif hei zu Lëtzebuerg bleiwen.
Op Wikipedia heescht et, de Joseph Kinsch wier ee vun den leschte Lëtzebuerger, déi een als Stolbaron bezeechne konnt.
De Jupp Kinsch huet eis fir ëmmer verlooss. Seng Visioun a säin Dévouement fir d'Land präge Lëtzebuerg bis haut. Ech drécken der Famill mäin häerzlecht Bäileed aus.
- Xavier Bettel (@Xavier_Bettel) October 22, 2022