Nodeems de Stephan Pallage decidéiert hat, net fir en zweet Mandat ze kandidéieren, ass en internationale Rekrutéierungsprozess lancéiert ginn. Zeréckbehale gouf den aktuelle Vizerekter vun der Uni Lëtzebuerg.
De Prof. Dr. Jens Kreisel ass zu Dortmund an Däitschland gebuer a opgewuess, huet dann an Däitschland a Frankräich Physik studéiert an huet Grenoble promouvéiert.
2013 gouf hie vum Fonds National de la Recherche ausgezeechent an huet bis zu senger Ernennung zum Vizerekter vun der Uni am LIST d'Departement "Materials Research and Technology" geleet.