De Gust Graas gëllt als ee vun de Päpp vun der Lëtzebuerger Medielandschaft. Hien huet och 1951 d'CSJ gegrënnt, d'Jugendsektioun vun der CSV.
De Premier Xavier Bettel huet op Twitter säi Bäileed ausgedréckt fir ee Mënsch "deen onst Land an eis Gesellschaft aktiv mat gepräägt huet".
Ech drécken dem Gust Graas senger Famill mäin häerzlecht Bäileed aus. Mam Papp vum "Hei Elei, Kuck Elei", dem Virgänger vum aktuelle RTL Télé Lëtzebuerg soe mir engem Mënsch Äddi deen eist Land an eis Gesellschaft aktiv mat gepräägt huet. XB
- Xavier Bettel (@Xavier_Bettel) February 19, 2020
Nom Doud vum Gust Graas an der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch am Alter vu 95 Joer, huet den RTL Group an engem Presseschreiwes seng Trauer matgedeelt. De Gust Graas wier e Mann vu Visioune gewiescht, dee fir seng Professionalitéit, awer och seng Mënschlechkeet, Frëndlechkeet a säi soziaalt Engagement geschat gi wier.
De Moler a Mediemanager war laangjärege Luxair-President; en huet besonnesch awer den haitegen RTL Group gepräägt, mat senger europäescher Orientatioun awer och der Grënnung vum Lëtzebuerger Programm. Hien hat ënner anerem d'Tëleesemissioun "Hei Elei, Kuck Elei" gegrënnt, de Virgänger vun RTL Télé Lëtzebuerg.
Am 100,7-Interview huet de Gust Graas sech viru Joren un déi Episod esou erënnert:
"Jo, dat war de grousse Wonsch vu mer. Mir wossten, datt näischt erakéim, et huet Sue kascht, an dat war natierlech ni einfach beim mengem Conseil fir dat duerchzebréngen. Mee mir hu jo dunn ugefaangen, an ech si frou, datt mer et gemaach hunn. Ech ka mech erënnere wéi mer et decidéiert hunn, hu mer missen en Numm nach fannen. Mir ware bestëmmt zu 15 Collaborateuren am grousse Conseilssall, an ech hu gefrot: wéi solle mer et dann elo nennen d'Kand? A well keen iwwerzeegt war, datt et géif eppes ginn, hunn ech gesot, mir hu jo e Lidd vum Hexemeeschter, dann hexe mer elo: Dann nenne mer et Hei elei kuck elei. Oh nee, hu se gesot, dat gëtt näischt, dat ass ze laang."
De Gust Graas war reegelméisseg Invité um radio 100,7. Mir presentéieren eng Selektioun aus eisen Archiven:
Radio-Lëtzebuerg: Vun der Association Radio-Luxembourg vum François Anen um Späicher an der Beaumontsgaass, bis bei déi gréissten Radio- an Televisiouns-Statioun an Europa.
Aus der Villa Louvigny, wou zanter 1933 de Siège an de Produktiounszentrum vun der C.L.R., spéider der C.L.T. war, goufen am Ufank franséisch-, englesch-, flämesch-, däitsch- a lëtzebuergesch Radio- an zanter 1955 Televisiounsprogrammer fir e Millioune Publikum an Europa kreéiert a produzéiert.
An engem radiophonesche Patchwork léisst de Carlo Link den Ufank (1925) an d'Zäit aus der Villa Louvigny mat Stëmmen an Toundokumenter erëm opliewen. Mat derbäi sinn ënner anerem de fréiere Generaldirekter an Administrateur bei der C.L.T. Gust Graas, de Léon Anen, Fils vum François Anen a fréiere Speaker an deenen verschiddene Programmer.
Télé Luxembourg d'Gebuert viru 50 Joer, den 23. Januar 1955
Wéi d'CLR (Cie Luxembourgeoise de Radiodiffusionn) 1954 hiren Numm an CLT (Cie Luxbg. de Télévision) ëmgeännert hat, gouf an enger Blëtzaktioun ee franséischen Televisiouns-Programm fir d'Lorraine, Lëtzebuerg a fir d'Belsch am Süde lancéiert. Eng Handvoll Leit goufen zum Deel aus dem Radio aus alle Beräicher fir dës Aventure rekrutéiert. Derbäi koumen zwee Journalisten, de Jacques Navadic an de Robert Diligent.
De Sender an d'Antenn goufen op dem Ginzebierg zu Diddeleng opgeriicht. Op Groussherzoginsgebuertsdag, den 23. Januar 1955, goufen d'Installatiounen zu Diddeleng vun der Grand-Duchesse Charlotte ageweit. Bis d'Studioen an der Villa Louvigny Enn 1956 fäerdeg waren, gouf ënner onméigleche Konditioune aus engem improviséierte Studio mat enger Kamera vum Ginzebierg aus, de Journal, d'Usoen an d'Filmer gesent.
An engem radiophonesche Patchwork mat Toundokumenter schwätzen ënner anerem d'Pionéier vun der éischter Stonn Gust Graas, Berthy Biwer-Grethen, Robert Diligent, Edmond Zigrand a Gusty Nussbaum. Doniewent gëtt d'Ufankszäit vum Lëtzebuerger "Hei Elei, Kuck Elei" Magasinn beliicht.
D'Gebuert viru 50 Joer vu Radio Luxemburg
Den däitsche Radiosprogramm vun der CLT war an den 60er-, 70er- an 80er Joren net nëmme bei den jonken Nolauschterer Kult. Populär Sendunge wéi ënner anerem "Hitparade", "Grossen Acht", a "Funkkantine" goufen aus dem Studio 4 an der Villa Louvigny op MW, KW a UKW fir e Millioune Publikum iwwer déi däitsch Grenzen ewech produzéiert.
An engem radiophonesche Patchwork léisst de Carlo Link d'Geschicht vu Radio-Luxemburg zesumme mat de fréiere "Sprecher(innen)" wéi ënner anerem Camillo Felgen, Frank Elstner, Helga Guitton a Jochen Pützenbacher erëm opliewen.
Hei Elei, Kuck Elei. 1. Deel
"Hei Elei, Kuck Elei" war den Titel vun enger Televisiounsemissioun a Lëtzebuerger Sprooch viru 40 Joer, där éischter iwwerhaapt, déi tëschent dem 21. September 1969 an dem 21. Oktober 1991 sonndes mëttes tëschent 13:00 an 13:45 (spéider bis 15:00) Auer op der Frequenz vun Télé Luxembourg ausgestraalt gouf.
Den Initiator vun dësem Magasinn, dee gewéinlech aus enger Wocherevue a geleeëntleche Reportagen, Debaten, Museks- oder Theateropféierungen, begleet vun enger gudder Portioun Reklammen, bestanen huet, war de fréiere Generaldirekter vun der CLT, de Gust Graas. Et war och hien, deen den Numm "Hei Elei, Kuck Elei" virgeschloen hat, e Vers aus der Operett "Mumm Séis" vum Edmond de la Fontaine. Chefredakter an Haaptmoderator war de fréiere Journalist Jean Octave, spéider koum de Journalist Lucien Michels derbäi.
Am 1. Deel komme fréier Mataarbechter vun der Emissioun zu Wuert, wéi ënner anerem Jean Octave, Menn Bodson, Lucien Michels, Romain Goerend a Pilo Fonck.
Hei Elei, Kuck Elei. 2. Deel
Tëlee a Lëtzebuerger Sprooch viru 40 Joer. Am zweeten Deel stinn ënner anerem déi véier Filmfiktiounen am Mëttelpunkt, déi an den 1980er Jore vun RTL-Hei Elei produzéiert goufen: "Déi Zwéin vum Bierg", "E Fall fir sech", "E Liewe laang" an "De falschen Hond".