Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De groussherzoglechen Haff soll transparent sinn"

No der rezenter reaktioun vum haff op froe vun der press

"De groussherzoglechen Haff soll transparent sinn"

Um Groussherzoglechen Haff ginn et nach ëmmer Probleemer mam Ëmgank mam Personal, wéi d'Lëtzebuerger Land rezent bericht huet. Mir hunn de Grand-Duc Henri d'lescht Woch wärend der Staatsvisitt a Lettland dorop ugeschwat: D'Reaktioune vum Staatschef a vum Hofmarschall waren net souverän, mengt den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

2 min

Ugefaange bei der Ausso vum Grand-Duc: De Staatschef huet seng Wieder net gutt gewielt, well hien huet der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land ënnerstallt, hir Informatioune wieren net zu 100 Prozent richteg gewiescht an et wiere vill Spekulatiounen am Artikel dra gewiescht.

De Grand-Duc Henri huet awer net een eenzegt Beispill fir eng méiglech falsch Informatioun oder Spekulatioun genannt, an dat ass onglécklech. Esou eppes schuet just dem Vertrauen an d'Press, déi dofir do ass, fir am Interêt Public de Fanger an d'Wonn ze leeën - och wann dat fir deen een oder anere kann onbequeem sinn.

Froe gestallt ze kréien ass normal

Dofir hätt de Grand-Duc och missen drop virbereet ginn, datt d'Journalisten a Journalistinnen him op senger Pressekonferenz wärend der Staatsvisitt a Lettland kéinte Froen iwwer d'Situatioun um groussherzoglechen Haff stellen. Dat ass nämlech normal an enger Demokratie.

Den Hofmarschall Paul Dühr sot eis no der Pressekonferenz a Lettland, hie wier iwwerrascht iwwer d'Froe vum 100,7 an et misst ee sech d'Fro stellen, ob bei den nächste Staatsvisitten nach Froe géifen zougelooss ginn.

Monarchie ass an engem Reformprozess

Dat wier déi absolut falsch Konklusioun. Vill méi sollt och d'Monarchie sech zu Lëtzebuerg de Froe vun der Press stellen, sou laang se am Interêt général sinn.

Deen ass hei méi wéi ginn: D'Monarchie ass an engem Reformprozess, ënnert anerem well den Ëmgank mam Personal net ëmmer korrekt war. Et goufe vill Krankeschäiner an ëmmer nees Departen, et gouf e kriteschen awer konstruktive Rapport vum fréieren héije Beamte Jeannot Waringo, an et goufen nei Strukturen en place gesat, fir d'Situatioun ze verbesseren.

Rolle musse gekläert ginn

Och sinn d'Rolle vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse gekläert ginn, an et soll méi strikt tëscht privaten an ëffentlechen Aktivitéite vum Haff getrennt ginn. Dat sinn institutionell Froen, an déi ginn eis all eppes un.

D'Monarchie ass en Deel vun der Lëtzebuerger institutioneller Landschaft, a se sollt sech dowéinst dru gewinnen, datt se muss Rechenschaft ofleeën. Sech zouzemaachen ass sécherlech net de richtege Wee.