Chronik De grénge K-Dilemma
No de Landtagswalen a Rheinland-Pfalz a Baden-Württemberg stiliséiere sech déi däitsch Gréng als Gewënner. An engem Bundesland stäerkste Partei bliwwen, am anere staark zougeluecht. Mam Succès wiisst awer och d'Erwaardung. Besonnesch d'Fro no der Spëtzekandidatur fir d'Bundestagswal steet am Raum - bis elo nach ouni Äntwert. Den Aktuelles vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.
Wann een an den Optrëtt vun de grénge Parteicheffen Annalena Baerbock a Robert Habeck um vergaangene Wahlsonndeg eppes eraliese wëllt, dann dëst: De Robert Habeck huet iwwer d'Wahlresultater geschwat, iwwer Prozentzuelen, Koalitiounen a Personalien. D'Annalena Baerbock op der anerer Säit huet iwwer déi grouss Politik geschwat: den Impakt vun der Corona-Politik op d'Wahlresultat, d'Korruptiounsaffär bei der Unioun.
An der Vergaangenheet war dat meeschtens ëmgedréint. Do war d'Annalena Baerbock zoustänneg fir d'Detailaarbecht, an de Robert Habeck fir d'Geschwätz. Datt sech dat um vergaangene Weekend ëmgedréit huet, muss näischt heeschen - mee et kann en Indice sinn. Nämlech dofir, datt et kee klore Favorit méi gëtt op d'Kanzlerkandidatur vun der grénger Partei.
Wichteg fir déi Gréng sech festzeleeën
Sechs Méint virun der Bundestagswahl hunn déi däitsch Gréng hiren Usproch fir den Hierscht nach emol ënnerstrach: d'Bündnis90/Die Grünen wëllt an déi nächst däitsch Regierung, am Léifsten natierlech ënner hirer Féierung. D'Sondagë gesinn d'Partei kloer als zweetstäerkste Kraaft, mee schliisslech stécht d'Nummer 1 - d'Unioun aus CDU an CSU - an enger schwéierer Kris. Alles schéngt méiglech.
Ëmsou méi wichteg wier et, sech esou lues op e Spëtzekandidat - oder eng Spëtzekandidatin - festzeleeën. Tëscht Ouschteren a Péngschten wëlle sech Habeck a Baerbock decidéieren. Mee den Drock op d'Partei wiisst.
Déi potentiell gréng Spëtzekandidate schneide schlecht of par rapport zu Konkurrenz
No de Landtagswahle gouf de Robert Habeck och an der däitscher Talkshow Anne Will zu der Kanzlerkandidate-Saach befrot. Seng Äntwert: Wann d'Annalena Baerbock als Fra géif soen, si wéilt d'Spëtzekandidatur, well se eng Fra ass, dann hätt si se - schliisslech hätten d'Fraen dat éischt Zougrëffsrecht. Allerdéngs géife weder d'Annalena Baerbock nach hien esou argumentéieren, sot de Robert Habeck.
Déi Gréng, bei deene soss alles iwwer Quoten an Duebelspëtze leeft, wëssen natierlech: d'Kanzleramt kann net quotéiert ginn. An d'Annelena Baerbock géif sech ni domat zefridde ginn, d'Spëtzekandidatur eenzeg an eleng aus deem Grond ze kréien, datt si eng Fra ass. Egal, ob si dat éischt Zougrëffsrecht huet oder net.
Fait ass, datt souwuel de Robert Habeck wéi och d'Annalena Baerbock am direkte Vergläich zum SPD-Kandidat Olaf Scholz, mee och zum Beispill dem potenziellen Uniouns-Kandidat Markus Söder schlecht ofschneiden.
D'Annalena Baerbock ass déi besser Spëtzekandidatin
Mee de Robert Habeck, deen an de leschte Joren oft scho wéi de garantéieren Spëtzekandidat gegollt huet, trëppelt ze oft an d'Fettnäpfchen. Op bei der Pendlerpauschale, der Positioun zum Julian Assange oder wéi viru Kuerzem bei den Impfreegelen - ëmmer nees läit den Habeck bei essentiellen Themen donieft oder kritt d'Strategie vu senger Partei net ganz op d'Réi.
U sech kommen déi däitsch Gréng un enger Spëtzekandidatur vum Annalena Baerbock net méi laanscht. A villen Hisiichten ass si och déi besser Kandidatin - gutt vernetzt an der Partei, sécher an Detailfroen, kloer an der Ambitioun. Hiren Usproch huet si an de leschte Méint oft kloer an däitlech matgedeelt - elo e Réckzéier ze maachen, géif der Partei wuel éischter schueden.