Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Green Deal - wie soll e bezuelen?

Ekologie

De Green Deal - wie soll e bezuelen?

Dës Woch huet d'Kommissioun Detailer iwwer de Finanzéierungsplang vun hirem Green Deal fir de Klimaschutz presentéiert. Am Europaparlament gouf et deels Kritik: d'Kommissioun géif mat Tricke schaffen, fir op déi néideg Montanten ze kommen, sou eng dovun. Wat ass drun un deene Reprochen? A wéi realistesch ass de Plang vun engem Green Deal? E Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

4 min

Danièle, fir d'éischt emol zu deem, wat d'Kommissioun proposéiert: Eng Billioun, also 1.000 Milliarden Euro sollen investéiert ginn, fir dee Green Deal ze realiséieren. Dat si vill Suen, wou sollen déi hierkommen?

Am Detail ass dat nach net gewosst. An d'Zuelen, ëm déi et hei geet, sinn net onbedéngt ganz iwwersiichtlech.

D'Kommissioun geet den Ament dovun aus, datt all Joer 260 Milliarden Euro gebraucht gi fir de Green Deal, also déi europäesch Ëmstellung op klimafrëndlech Industrien, ze finanzéieren, a si proposéiert elo een Investitiounsplang bannen deem soll eng Billioun Euro zesummekommen. Déi Sue kéimen deels aus dem EU-Budget, deels vun de Memberlänner an deels vu privaten Investisseuren. Geschafft géif, wéi scho beim sougenannte Juncker Plang fir Investitiounen, mat enger Hiewelwierkung, dat heescht, datt ëffentlech Sue geholl gi fir privat Kreditter ofzesécheren. Ee Moyen fir souzesoen den Invesititounskuch méi grouss ze maachen.

Et soll deene Länner oder Regioune gehollef ginn, déi besonnesch Krämpes hunn hir Industrie méi klimafrëndlech ze maachen. Och do goufe schonn Detailer bekannt.

Jo an dee Fong nennt sech Just Transition Fund. Dee Fong soll um Enn mat 100 Milliarden Euro dotéiert sinn - fir bis do hin ze kommen, sinn och komplizéiert Rechnunge néideg. Direkt géifen nämlech um Ufank nëmmen 7,5 Milliarden EU-Suen dra fléissen.

Déi Enveloppe soll am pluriannuellen EU-Budget stoen.

Allerdéngs ass ee sech iwwer dee Budget nach guer net eens - an do läit schonn ee vun den Problemer. Verschidde Memberlänner wiere sech vehement dogéint, dee Budget ze erhéijen - scho guer net fir de Klimaschutz - am Contraire do ginn et der och, déi dee Volet éischter kierze wëllen.

Am Europaparlament koum och Skepsis op iwwer dee Finanzéierungsplang. Wat genee gefält den Europadeputéierte net?

Eppes wat ëmmer nees ze héiere war: De Green Deal brauch frësch Suen, et kann net sinn, datt elo op anere Plaze Suen ewech geholl ginn, zum Beispill aus dem Kohesiouns-Fong oder dem Europäesche Sozialfong. Et kéint een net Suen aus der lénkser Boxentäsch eraushuelen, a se dann an déi riets leeën, sot den däitschen Europadeputéierten Dennis Radtke vun der CDU am Debat an der Plenière zu Stroossbuerg.

Anere waren d'Rechnungen, déi d'Kommissioun gemaach huet, vill ze vag an onprezis.

Erstaunlech ass datt d'Kommissioun elo awer och, kuerz no deem Debat am Parlament, een detailléierte Plang virgeluecht huet, mat geneeën Zuelen doriwwer, wat all Land géif kréien - erstaunlech dowéinst, well dat jo nach guer net decidéiert ass.

Lëtzebuerg kéint deenen Zuelen no tëschent 2021 an 2027 mat véier Milliounen Euro rechnen, dat héiert sech net no vill un.

Nee, dat ass net wierklech vill, et ass dee klengste Montant an där Tabelle.

Et dierf een natierlech net vergiessen, datt Lëtzebuerg dat zweet klengste Land an der EU ass, an ee vun deene räichsten ass. D'Suen aus dem Fong si virun allem fir déi Regiounen geduecht, déi sech besonnesch schwéier mam Klimaschutz dinn - déi zum Beispill vun der Kuel ofhänken - dowéinst krit och Polen am meeschte Suen, nämlech zwou Milliarden, Däitschland kënnt mat 877 Milliounen op der zweeter Plaz, dono komme Rumänien, Bulgarien an d'Tschechesch Republik.

Ee But vum Green Deal ass et jo, datt d'EU soll bis 2050 Klima-neutral sinn. Am Dezember hu sech 27 vun den 28 EU-Länner zu deem Zil bekannt, Pole sot awer Nee. Wéi kann et dann elo sinn, dat ausgerechent dat Land am meeschte gehollef kritt?

Jo dat ass eng gutt Fro - déi sech och zu Bréissel an zu Stroossbuerg vill Leit gestallt hunn.

D'Kommissioun krut déi Fro dës Woch gestallt - ob déi Sue Polen da géifen zoustoen - d'Äntwert war net Jo an net Nee - et gouf awer betount, datt de Green Deal an domat och den Transitiounsfong un d'Zil vun der Klimaneutralitéit gebonnen ass. De polneschen Ëmweltminister huet gëschter op alle Fall a senger Reaktioun géintiwwer Polski Radio ënnerstrach, datt säi Land dat Klimazil bis 2050 éischter net erreeche kéint - hien huet awer och kloer gesot, datt hien deen Transitiounsfong begréisst an domat och rechent.

Dat Ganzt wäert um Enn missen op der Chefetage - also tëschent den EU-Staats- a Regierungscheffen tranchéiert ginn - mee do muss ee sech fir d'éischt emol iwwer den nächste Budget vun der EU eens ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.