Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Grand-Duc Jean ass gestuerwen

Cour Grand-Ducale

De Grand-Duc Jean ass gestuerwen

De Grand-Duc Jean ass dout: de fréiere Lëtzebuerger Staatschef ass en Dënschdeg de Moien am Alter vun 98 Joer gestuerwen. Dat huet de groussherzoglechen Haff matgedeelt. Déi virlescht Woch ass hie mat enger Longenentzündung an d'Spidol bruecht ginn.

auto_stories

2 min

S.A.R. le Grand-Duc Jean. Foto: Collections photographiques de la Maison grand-ducale de Luxembourg

Nodeems dem Grand-Duc Jean säin Zoustand sech kuerzzäiteg verbessert hat, koum d'Noriicht vum Haff, datt et him e Samschdeg den Owend erëm méi schlecht gaangen ass. En Dënschdeg koum dunn déi traureg Noriicht, datt de Grand-Duc Jean gestuerwen ass.

En diskrete Staatschef

De Grand-Duc Jean war de Papp vum Grand-Duc Henri. Vun 1964 bis 2000 stoung hien un der Spëtzt vum Land. Hie war den eelste Fils vun der Grande-Duchesse Charlotte an hie war de sechste Grand-Duc an der Lëtzebuerger Dynastie. De Grand-Duc Jean huet als een diskrete Staatschef gegollt. Während senger Zäit um Troun huet Lëtzebuerg sech zum Déngschtleeschtungszenter an zu engem vun de weltwäit räichste Staaten entwéckelt.

Den 12. November 1964 ass hie Grand-Duc ginn, an hien ass et méi wéi een Drëttels-Joerhonnert laang bliwwen. De 7. Oktober 2000 huet de Grand-Duc Jean ofgedankt, zu Gonschte vu sengem eelste Fils, dem Prënz Henri.

Gebuer gouf de Grand-Duc Jean de 5. Januar 1921 um Schlass Bierg. Bei der Invasioun vun den däitschen Truppen, am Mee 1940, huet hie Lëtzebuerg zesumme mat senger Famill verlooss: d'Statiounen duerno ware Frankräich, Portugal, d'USA, Kanada a Groussbritannien. 1942 huet hie sech fräiwëlleg bei den Irish Guards engagéiert. Den 10. September 1944 ass hien zesumme mat sengem Papp zeréck an de Grand-Duché komm bei der Befreiung vun der Stad Lëtzebuerg, dat no senger Landung am Juni 1944 an der Normandie.

Am Abrëll 1953 huet de spéidere Grand-Duc Jean déi belsch Prinzessin a Kinnéksduechter Joséphine-Charlotte bestuet. D'Koppel hat fënnef Kanner.

Op Staatsvisite war de Grand-Duc Jean ë. a. a China, den USA, Israel, Senegal, Japan an an der Sowjetunioun. Zanter 1945 war hie Chef vun de Lëtzebuerger Scouten. Iwwer 50 Joer laang war hien och Member vum Internationalen Olympesche Comité. Dem Grand-Duc Jean seng Fra Joséphine-Charlotte war den 10. Januar 2005 gestuerwen.


Den Noruff op de Grand-Duc Jean, vum Serge Kesseler:

Lauschterenplay_arrow