Chamberwahlen 2018 De Fred Keup war Member vun der CSV

Fred Keup
Fred Keup (Foto: Archiv)

De Fred Keup war zënter Jore Member an der CSV. De President vun der Initiativ Wee2050 / Nee2015 war an der Sektioun Kielen ageschriwwen. Dat seet eis op Nofro hin de lokalen CSV-Sektiounssekretär. Zënter bekannt ass, datt dem Fred Keup seng Asbl eng Kollaboratioun mat der ADR ageet, ass hien net méi CSV-Member. D'Statute géifen dat esou virgesinn.

Am Virfeld vun de Gemengen- an och vun de Chamberwahle goufen et Kontakter tëscht der CSV an der Asbl Initiativ Wee2050 / Nee2015, dat confirméiert den CSV-Generalsekretär dem radio 100,7. Wéi dat ofgelaf wier a wien wien approchéiert huet, wéisst hien net, sou de Laurent Zeimet. D'Konklusioun wier awer gewiescht, datt "Keup an CSV net beienee passen".

Den CSV-Buergermeeschter vu Mamer Gilles Roth seet eis, de Fred Keup wier am Virfeld vun de Gemengewahlen d'lescht Joer un hien erugetrueden. Dee Kontakt hätt awer net gefrucht. Iwwert d'Grënn dofir wëllt de Gilles Roth näischt soen.

D'Asbl Initiativ Wee2050 / Nee2015 hat sech beim Referendum géint d'Auslännerwahlrecht agesat. D'ADR stellt aacht Lëschteplaze fir Kandidate vun der Initiativ zur Verfügung.

Méi zum Thema

Fred Keup
Chamberwahlen 2018

Bis op d'Lëtzebuerger Sprooch an de Wuesstem hätt ee sech nach mat kengen anere Sujete befaasst, seet de Fred Keup. Dat wéilt een elo am Hibléck op d'Chamberwahlen zesumme mat der ADR kucken.

Programm

Net verpassen

  • Voices vum Max Richter

    Max Richter

    Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

    Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen