Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson and The Warehouse - Coco & Fahrenheit

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Fred Keup ass Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen

ADR Kongress

De Fred Keup ass Spëtzekandidat fir d'Chamberwalen

D'ADR geet mam Fred Keup als Spëtzekandidat an d'Chamberwalen. Dat huet d'Partei op hirem Kongress annoncéiert. De Fred Keup ass zanter leschtem Joer Parteipresident an hien ass och zanter dräi Joer Deputéierten an der Chamber.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Hien hat am Süden d'Mandat vum Gast Gyberien iwwerholl wéi deen decidéiert hat, mat der aktiver Politik opzehalen.

Sujeten: Vun der Sprooch bis bei den Tanktourismus

De Fred Keup ass nach net esou laang an der ADR. Hie war bekannt ginn duerch seng Campagne wärend dem Referendum iwwer d'Walrecht fir Auslänner.

Kritesch war hien iwwer d'Reform vun der Verfassung, wou hie bedauert huet, datt et net zu engem Referendum iwwer déi véier Verfassungsännerunge koum. D'ADR géif sech fir d'Organisatioun vun engem Referendum ausdrécken.

De Fred Keup hat fir seng Partei scho bekannten Themen a senger Ried, ewéi d'Lëtzebuerger Sprooch, een Thema fir dat d'Läit am Sall extra opgestane sinn. Ze erwaarde war och d'Thematik vun der Kriminalitéit an der Sécherheet. Bekannt Thema ass och den Erhalt vum Tanktourismus, an a Punkto Mobilitéit kritiséiert hien, datt een op Elektromobilitéit wéilt eriwwerwiesselen, an engems awer géint Atomstroum wier.

Message un d'CSV: Koalitioun mat der ADR

Weider huet de Fred Keup d'EU-Politik vun der Regierung kritiséiert. Ënnert anerem sot hien, hie wéilt den Europa Feier Dag um 9te Mee ofschafen an duerch een aneren Dag ersetzen.

Grousst Thema war dann och de Moien d'Familljepolitik an d'Fuerderung no engem Elteregeld fir déi Elteren déi doheem hir Kanner erzéien.

Zur Nationalpolitik sot de Fred Keup nach, datt et soll eriwwer si mat der Gambia-Koalitioun. Hien huet sech un de Luc Frieden vun der CSV adresséiert fir him nozeleeën, eng Koalitioun mat der ADR ze forméieren.

Gemengewalen: Walprogramm mat 100 Punkten

Iwwerdeems geet d'ADR viraussiichtlech an eelef Gemenge mat an d'Gemengewalen. Dat huet den Alex Penning Generalsekretär vun der ADR de Moien um National Kongress zu Dummeldeng virun engen 160 Parteimemberen annoncéiert. Eventuell kéimen nach zwou Gemengen derbäi.

Ënnert anerem ginn et ADR Lëschten an der Stad wou een sech d'Zil vun zwee Mandater gesat huet. Nidderaanwen ass déi zweet Gemeng fir den Zentrum, fir de Norden sinn et d'Gemenge Wëntger, Clierf an Ëlwen, am Süden ginn et déi meeschte Lëschten dorënner zu Käerjeng, Suessem, Diddeleng, Péiteng, Beetebuerg an Esch.

De Kader Walprogramm hätt 100 Punkten, esou den Alex Penning. Haaptthematike fir d'Gemengewale sinn d'Famill, d'Sécherheet, d'Integratioun, de Logement, grad ewéi de Wuesstem. Den ADR Parteipresident Fred Keup huet sech de Moie kritesch gewise vis à vis vun der Stater DP-CSV Koalitioun. Ee vu sengen Haapttheme war d'Sécherheetspolitik an der Stad, do hätt d'Koalitioun versot.

D'Partei hätt um Stand Mäerz 1.750 Memberen.