Et ass e fest Ritual an de Bezéiungen tëschent Paräis a Berlin: all Joer treffe sech béid Regierunge fir e Conseil, bei deem d'Kooperatioun tëschent béide Länner verstäerkt soll ginn.
Relatiounen tëschent Däitschland a Frankräich: Et kriselt
Eigentlech wier et leschte Mëttwoch nees souwäit gewiescht, mee d'Treffen huet an de Januar misse verluecht ginn. Den däitsche Regierungsspriecher Steffen Hebestreit huet duerchblécke gelooss, datt et niewent Konflikter beim Datum och "anhaltender Abstimmungsbedarf" bei gewësse Sujete gëtt.
E wéineg manner diplomatesch formuléiert: et kriselt tëschent béide Länner. Amplaz vum Ministerconseil war e Mëttwoch wéinstens de Kanzler op Besuch am Hexagon, mee vun enger harmonescher Aarbechtsvisitt ka keng Ried sinn. Net emol eng gemeinsam Pressekonferenz gouf et no der Reunioun vun den zwee Regierungscheffen.
Energiepolitik: Onverständnis op béide Säiten
Et kann een den Androck kréien, datt et grad méi Desaccorde wéi Konsens tëschent béide Länner gëtt, besonnesch wat d'Energie- an d'Verdeedegungspolitik ugeet.
Zu Paräis war ee wéineg erfreet iwwer den däitschen Doppelwumms, mat deem de Kanzler Scholz d'Konsequenze vun der Energiekris wëllt offiederen. Villméi ginn d'Hëllefsmesüren als däitschen Alleingang ugesinn, deen eng gemeinsam europäesch Linn konterkaréiert.
Zu Berlin iwwerdeems beschwéiert ee sech iwwer de franséischen Nuklearpark, deen esou wéineg Stroum produzéiert, datt Däitschland muss aushëllefen an zwee Atomkraaftwierker am Streckbriet hält.
Och ass d'Bundesregierung wéineg erfreet doriwwer, datt Frankräich net op d'Midcat-Pipeline an de Pyrenäe setzt, mee eng eege Pipeline tëschent Marseille a Barcelona baue wëllt.
Déi däitsch Gasakeef hirersäits stoussen op wéineg Verständnis am Hexagon. Bei aller Rhetorik vun Energiesolidaritéit, den Ament wierkt et éischter no nationaler Interessepolitik, déi sech schwéier an Harmonie brénge léisst.
Tensiounen och bei der Verdeedegungspolitik
Sou gesäit et och bei der Verdeedegung aus, wou Frankräich zanter Joren Drock op d'Bundesregierung mécht, fir déi gemeinsam EU-Projeten unzedreiwen. De Krich an der Ukrain huet zwar zu engem Ëmdenken an der däitscher Verdeedegungspolitik gefouert, mee och hei leie Paräis a Berlin nach wäit auserneen.
Däitschland mécht sech fir een europäesche Loftofwierschierm staark, deen, dee Frankräich mat entwéckelt huet, wëllt een zu Berlin awer net. Och soss schéngt een hei éischter op Technologien aus den USA ze setzen, wéi op déi aus dem Nopeschland.
Dës Tensiounen tëschent béide Länner hunn natierlech Auswierkungen op de Recht vun der EU - grad elo, wou Zesummenhalt ëmsou méi wichteg wier fir Russland net an d'Kaarten ze spillen.
Den Duo Scholz-Macron - sou vill steet fest - ass net vun der frëndschaftlecher Verbonnenheet charakteriséiert, déi soss d'Relatiounen tëschent béide Länner gepräägt huet. Do hëlleft et och net, datt béid Staatsmänner doheem grad massiv an der Kritik stinn an den Drock op si wiisst.
D'lescht Woch nach huet den Emmanuel Macron gewarnt, Däitschland dierft sech net isoléieren. Dozou gehéiert awer och e Frankräich, dat sech op säin Noper zoubeweegt. Soss rullt den däitsch-franséischen Tandem geschwënn net méi mee bremst - an zwar zolidd.