Fonds du Logement "De Fong war wéi mäi Kand"

Den Daniel Miltgen confirméiert, datt nach ëmmer eng Instruktioun géint hien am gaangen ass, wéinst Traffic d'influence an illegaler Aflossnam. "Ech si bis elo awer net inculpéiert", seet de fréiere President vum Fonds du Logement. Ausgeléist gouf d'Instruktioun duerch eng Konventioun, an där den Daniel Miltgen sech engagéiert hat, der privater Gesellschaft Livingroom ze hëllefen, datt hir Terrainen an de Bauperimeter geholl ginn.

Maurice Molitor / cz

daniel miltgen
Daniel Miltgen, fréiere President vum Fonds du Logement

D'Affaire ronderëm d'privat Gesellschaft Livingroom war ee vun de Grënn, déi dozou geféiert hunn, datt den Daniel Miltgen am Mäerz 2015 vun der deemoleger Wunnengsbau-Ministesch Maggy Nagel vu senge Funktiounen entbonne gouf - no bal 30 Joer un der Spëtzt vum Fonds du Logement. "Ech hunn dee Fong betruecht wéi mäi Kand", seet den Daniel Miltgen. Dat wier him jo och dacks virgeworf ginn. Hie kéint, am Réckbléck, och mam Reproche liewen, aus dem Fonds du Logement wier mat de Joren ëmmer méi e "Fonds de Miltgen" ginn. Wéi de Fong ëmmer méi grouss ginn ass, hätt hien och selwer gespiert, datt seng Roll als PDG "net méi zäitgeméiss" war.

Ënnert dem CSV-Wunnengsbauminister Marco Schank wier jo och e Reformvirschlag abruecht ginn, fir - nom Modell vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché (SNHBM) - aus dem Fonds du Logement eng S.A. ze maachen. Mat enger Direktioun vun dräi Leit an, strikt dovu getrennt, engem Verwaltungsrot.

200 Joer Memoire verluer

Mä déi nei Regierung hätt aner Virstellunge gehat. Hir Reform hätt derzou gefouert, datt e flexibelt an autonoomt Schaffe bal onméiglech wier: "De Fong gëtt vu Fonctionnairen aus dem Ministère, wann net souguer vum Minister selwer dirigéiert", seet den Daniel Miltgen.

Ënner anerem dat hätt derzou geféiert, datt "ganz vill kompetent Leit" de Fong an de leschten zwee Joer verlooss hätten, sou de fréiere President: "Mat hinne si méi wéi 200 Joer Memoire verluer gaangen." Am Fonds du Logement wier nämlech net vun all Reunioun e Rapport a vun all Gespréich eng Notiz gemaach ginn. War dat dann net e Feeler? Op déi Fro äntwert den Daniel Miltgen mat engem kuerze "maybe".

Vertrauen zréckgewannen

Bei der Sich no engem neien Direkter kéint een nëmmen hoffen, datt déi potentiell Kandidaten d'Geschicht vun de leschten zwee Joer net ze vill gutt géife kennen: "Soss gëtt et ganz schwéier." Fir nees Rou an de Betrib ze kréien, missten deen zukünftege Chef vum Fong zesumme mat der neier Presidentin Diane Dupont probéieren, d'Vertraue vum Personal an d'Direktioun zréckzegewannen, dat an de leschten zwee Joer verluer gaange wier, mengt den Daniel Miltgen.

No sengem forcéierten Depart aus dem Fonds du Logement huet den Daniel Miltgen zwee Joer am Lycée Josy Barthel zu Mamer Schoul gehalen. Dësen Hierscht wier hien awer virzäiteg a Pensioun gaangen a géif elo als Beroder am Immobilieberäich schaffen, sou den Daniel Miltgen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Lies-Hansen
Fonds du Logement

De Marc Lies (CSV) kritiséiert e Réckgang vu der Produktivitéit vum Fonds du Logement. Et misst een elo no vir kucken, seet de Minister Marc Hansen (DP). D'Restrukturatioun beim Fong wier schwiereg.

Table-Ronde: Logement a Mobilitéit
Gemengewahlen

Méi bezuelbare Wunnraum an nei Mobilitéitskonzepter sinn néideg: An där Analys si sech d'Gemengepolitiker eens. Bei de Léisungsvirschléi ginn et awer Differenzen tëscht de Parteien.

Claude Wagner
Fonds du Logement

Déi intern Problemer beim Fonds du Logement wäre gekläert, seet den neie President vum Fong, Claude Wagner. Am Hierscht soll en neit Finanzéierungsgesetz fir de soziale Wunnengsbau prett sinn.

Daniel Miltgen
Affär Miltgen

Virum Verwaltungsgeriicht gëtt doriwwer gestridden, ob dem Daniel Miltgen seng Revocatioun als President vum Fonds du Logement legal war. Säin Affekot hält Vertrauensverloscht fir kee valabelt Argument.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen