Radioen

On air

Moiesstudio  |  Entwécklungszesummenaarbecht: D'Erwaardunge vun den ONGen un d'Regierung

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Fonds de Travaux fir Koproprietéiten ass obligatoresch

Logement

De Fonds de Travaux fir Koproprietéiten ass obligatoresch

De Fonds de Travaux fir Koproprietéiten ass zanter zwee Deeg obligatoresch. D'lescht Joer war dat deementspriechend Gesetz zu Lëtzebuerg a Kraaft getrueden. A ville Residenzen hunn d'Besëtzer vun enger Wunneng och elo schonn an ee Fonds de réserve oder Fonds de travaux abezuelt, dëst awer op fräiwëlleger Basis.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Gesetz gesäit zum Beispill vir, datt all Koproprietéit ee Fonds de Travaux muss maachen, och wann d'Gebai ganz nei ass. Domat deet de Georges Krieger vun der Union des Propriétaires sech awer schwéier.

"Ech gesinn net an, wann Dir eng Koproprietéit hutt, déi d'nächst Joer fäerdeg gestallt gëtt, déi fuschnei ass, datt do mol direkt ee Fonds de travaux gewielt ginn oder dat indirekt obligatoresch ass. Ech muss also Suen op d'Säit setzen, fir wann ech Travaux'e maachen, mee d'Koproprietéit, déi wäert an den nächste fënnef, sechs Joer keng grouss Travaux'e maachen an Dir hutt nach d'Garantie vum Promoteur."

"Eng Drëps op de waarme Steen"

Wéi vill d'Koproprietäre mussen an de Fong fir Aarbechten abezuelen hänkt vun der Energieklass vun der Residenz of. Läit déi tëschent A+ an C, esou sinn et Minimum dräi Euro de Meterkaree. Bei den Energieklassen D an E sinn et fënnef Euro a bei F bis I sinn et der sechs. Net genuch, fënnt de Georges Krieger.

"Huele mir eng normal Residenz vun aacht Appartementer. Loosse mir soe mat enger Moyenne vun 80 Meterkaree pro Appartement. Dann hutt der 640 Meterkaree netto mol dräi Euro, da si mir dee Moment op 1.920 Euro pro Joer. An dat maachen no fënnef Joer eppes e bësse wéineger wéi 10.000 Euro aus. Wann Dir da musst een neien Daach maachen, wat maacht Dir domat? Dat ass nëmmen eng Drëps op de waarme Steen."

A wat wann een net abezuele kann?

Alles an allem weist de President vun der Union des Propriétaires sech awer zefridden iwwer déi obligatoresch Cotisatioun. Domat géinge vill Diskussiounen an der Koproprietéit aus dem Wee geraumt ginn. Mee wat geschitt, wann eng Persoun net wëll oder aus finanzielle Grënn net kann an de Fong abezuelen?

"Tôt ou tard ass de Syndikat obligéiert déi Suen anzedreiwen. A wann ech mäin Appartement verkafen, da muss den Notaire, well de Syndikat mécht den Décompte, an da muss den Notaire déi Suen zeréckhalen. Iergendwéi kommen ech net derlaanscht, dat muss ze bezuelen."

Wann ee Koproprietär seng Wunneng verkeeft, kritt e seng Suen aus dem Fong iwwerdeems net zeréck. Déi gehéieren der Koproprietéit.