Radioen

On air

De Moien  |  Charlotte Day Wilson - Canopy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Fall Christian Schleck spléckt d'CGFP

Gewerkschaft

De Fall Christian Schleck spléckt d'CGFP

D'CGFP wëllt am Fall Christian Schleck virun déi international Aarbechtsorganisatioun vun der Uno zu Genf zéien. Dat sot de President Romain Wolff op der Conférence des comités vun der CGFP. Bei der Conférence waren awer net all Ënnerorganisatiounen dobäi. D'Associatioune vun den Arméisoffizéier an de Cadres supérieurs vun der Police sinn aus Protest géint der CGFP hirer Haltung net komm.

auto_stories

3 min

D'Regierung huet net op der CGFP hiren Ultimatum am Fall Christian Schleck reagéiert, esou de President Romain Wolff. D'CFGP hat der Regierung Zäit gi bis den 9. Dezember, fir sech zur Gewerkschaftsfräiheet ze bekennen, an de President vun der Arméisgewerkschaft SPAL nees zeréck op seng al Plaz ze versetzen.

CGFP steet hanner Gewerkschaftler

Op der Conférence des comités huet de Romain Wolff seng Positioun e bëssen nuancéiert an de Konjunktiv benotzt, fir ze soen, datt ee "voll a ganz" hanner de Gewerkschaftskolleege stoe géif, "falls si an hiren Aktivitéiten ageschränkt a benodeelegt géife ginn".

Hie sot awer d'Regierung hätt net reagéiert op der CGFP hir Demande, dat Dokument ze gesinn, an deem de Christian Schleck senger Versetzung zougestëmmt hätt. D'SPFP, d'Iwwerorganisatioun vun der Arméi- an de Policegewerkschaft, hat Enn November d'Demissioun vum Generol Alain Duschène gefrot, wann de Christian Schleck géif versat ginn.

De Romain Wolff sot, et géif ee konsequent maachen, wat een ugekënnegt hätt: "Mir ficeléieren en detailléierten Dossier mat alle Fakten an da wäerte mir eis wéinst Violatioun vun der Konventioun 151 un d'internationaalt Aarbechtsamt vun der Uno zu Genf wenden.

Memberorganisatioune wëlle vläicht aus CGFP austrieden

Dofir gouf et gëschter Owend e bëssen Applaus. De Steve Heiliger huet dono a senger Ried betount, den Zesummenhalt an der CGFP wier grouss.

Mee d'Associatioune vun den Arméisoffizéier an de Cadres supérieurs vun der Police waren aus Protest net op d'Conférence komm an denken doriwwer no, aus der CGFP auszetrieden. Dat well se net averstane si mat der Haltung vun der der CGFP.

Déi géif zouloossen, datt d'Arméi- an d'Policegewerkschaft SPFP an hir Ënnerorganisatioune SPAL an SNPGL d'Cadres supérieurs an d'Offizéier géif schlecht maachen an diffaméieren.

De SPAL ass gespléckt

Et gëtt awer an der CGFP net just e Konflikt tëschent den Ieweschten an deene méi niddrege Räng bei de Forces publiques. Och d'Arméisgewerkschaft SPAL selwer ass gespléckt. D'lescht Woch hat de radio 100,7 gemellt, datt néng Memberen aus de Comité demissionéiert haten. Dat aus Protest, well si géint d'Récktrëttsfuerderung géint den Alain Duschène sinn an näischt dovu gewosst hätten.

Op enger Pressekonferenz vum SPFP soll, wéi et an der Invitatioun heescht, déi ganz Wouerecht op den Dësch kommen. Bei der Pressekonferenz soll och en Affekot dobäi sinn, deen d'lescht Woch eng Mail geschriwwen huet un den demissionäre Generalsekretär vum SPAL mat enger 60 Gewerkschaftsmemberen en Copie.

Doran geheit den Affekot him vir, hie wier am Mee dobäi gewiescht, wéi am SPFP geschwat gi war, dem Alain Duschène seng Demissioun ze froen, falls de Christian Schleck eng nei Plaz géif kréien. Den Affekot schreift awer och ënner anerem: "D'CGFP bléift hanner dem Christian Schleck stoen, egal wat s du méchs."

Oder och nach fett gedréckt: "D'CGFP léisst de SPAL komplett falen, wann de SPAL géif d'Aussoen, déi vum SPFP gemaach goufen, desavouéieren." A weider: "Ech wënschen der trotzdeem bonne Chance, bei allem wat s de am Moment méchs. Gott weess, du wäerts se brauchen."

An ofschléissend: "D'nächst Woch kommen d'Fakten am Dossier all op den Dësch. Ech hoffen, dat s de bis dohin däi SPAL-Putsch ofgeschloss hues, soss kéint et sauer ginn, fir et nach hinzekréien.

Den Affekot wollt op Nofro hin net soen, wien him d'Mandat ginn huet, fir dëse Courrier ze schécken. Obwuel den Affekot d'CGFP a sengem Schreiwes engagéiert, sot de Romain Wollf, et wier net d'CGFP. Dat wier net am Optrag vun der CGFP geschitt.

Den Ex-Generalsekretär hat dëse Mail un d'CGFP-Spëtzt an eng ganz Rei aner Leit viruginn a gesot, hie géif sech diffaméiert a bedreet fillen. Hie géif Assistance juridique bei senger Gewerkschaft froen.