Wann néideg kéinten d'Capacitéiten och nach weider gehuewe ginn, andeems d'Aarbechtsstonnen adaptéiert ginn, heescht et an engem Communiqué vum Crematoire, dee vum interkommunale Verband SICEC verwalt gëtt. Déi nei, méi grouss a méi performant Iewen, géifen och den neisten techneschen an ökologesche Standarden entspriechen a wieren och gëeegent fir Persounen, déi bis zu 350 Kilo weien.
Zousätzlech zu den Anäscherungen huet de Crematoire zejoert 985 Verstreeunge vun Äschen a 720 Zeremonien organiséiert. Och hei sollen d'Capacitéiten eropgeschrauft ginn fir zukünfteg dräi Gedenkzeremonië parallel kënnen ofzehalen.
Ee Käschtepunkt vun 10,5 Milliounen Euro
Ab September wäerten d'Ausbauaarbechten zu Hamm ufänken. En neit Gebai gëtt iwwer eng gliesen Tëschestruktur un déi al Struktur ugebaut. De Bau vun der Extensioun soll bis Enn d'nächst Joer ofgeschloss sinn. Duerno da soll dat aalt Gebai renovéiert ginn, fir d'Accessibilitéit an d'Funktionalitéit vum Site ze verbesseren.
Den Optrag fir de Projet krut den Architektebüro Perry Weber an Associés, deen iwweregens virun 30 Joer och schonn um Bau vum ale Gebai bedeelegt war. De Käschtepunkt läit bei 10 an enger hallwer Milliounen Euro.