Radioen

On air

Tockcity  |  Kids Return - Lovers War

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Coronavirus huet d'Potential fir wäitaus méi geféierlech ze ginn

Pandemie

De Coronavirus huet d'Potential fir wäitaus méi geféierlech ze ginn

Deen neie Coronavirus ass, sou wäit dat bis elo bekannt ass, net iwwerméisseg aggressiv oder geféierlech, seet de Claude P. Muller. Nach net, sou de Virolog, well de Virus hätt eng gewëss Potenz fir sech ze veränneren.

auto_stories

3 min

De Virus kéint nämlech mutéieren oder sech mat anere Vire recombinéieren. An doduerch kéint d'Mortalitéit eropgoen, an de Virus kéint méiglecherweis och méi infektiéis ze ginn.

Da gëtt et natierlech e Virus, dee vill méi geféierlech ass. An et ass dee Zenario, deen een eigentlech wëllt vermeiden. Stellt Iech einfach emol vir, a Saudi-Arabie géif elo de MERS-Virus mat deem heite Coronavirus recombinéieren, da weess een net, wat do fir e Virus erauskënnt."

De Mortalitéitstaux vum neie Coronavirus wier am Moment nach relativ héich. Dat hätt domat ze dinn, datt am Ufank just Leit mat schlëmme Symptomer erfaasst goufen. Wann de Virus mat der Zäit och bei ëmmer méi Patiente mat liichten Infektioune géif festgestallt ginn, géif déi statistesch Stierflechkeet ofhuelen.

Claude P. Müller: China huet richteg reagéiert

Déi drastesch Mesuren, déi déi chinesesch Autoritéite geholl hu fir zum Beispill d'Stad Wuhan komplett vun der Baussewelt ofzeschneiden, wieren absolut ze begréissen, seet de Virolog Claude P. Müller, Virolog am Luxembourg Institute of Health. D'Restriktioune maachen awer nëmme Sënn, wann ee se nach e puer Deeg bäibehält - virausgesat natierlech, d'Leit maache weider mat.

"Wa mer an zwou, dräi Woche gesinn - an och d'Bevëlkerung an deene betraffene Stied gesäit -, datt et ëmmer manner Fäll ginn, ech géif soen, da kann ee se bei der Staang halen."

Wa si awer géife gesinn, datt no enger Zäit de Virus géif Iwwerhand huelen an net méi anzedämmen ass, da wäert Populatioun warscheinlech och net méi ganz matmaachen.

WHO-Noutstand: E Signal, datt all Land seng Responsabilitéit muss iwwerhuelen

Fir de Professer ass et duerchaus méiglech, datt et geléngt deen neie Coronavirus ganz ze eliminéieren. Déi drastesch Mesuren, déi déi chinesesch Autoritéite geholl hu fir d'Stad Wuhan ze soe komplett vun der Aussewelt ofzeschneiden, wieren an där Optik absolut ze begréissen. Si géifen och net vun deene Länner ënnergruewe ginn, déi elo decidéieren, hir Landsleit auszefléien. Wichteg wier just, datt déi Leit an hiren Heemechtslänner sou laang a Quarantän gesat gi bis definitiv feststeet, datt si net mam Virus infizéiert sinn an en dofir och net weider droe kënnen.

D'Decisioun vun der WHO fir de weltwäiten Noutstand ze deklaréiere misst een an deem Sënn als Appell un d'Länner gesinn. Domat géif d'WHO en Zeechen aussenden, datt all Land seng Responsabilitéit misst huelen, an datt de Virus sech net eleng op China limitéiert. "Dat heescht, bereet Iech vir, sidd bereet, wann de Virus kënnt", sou de Claude P. Müller.