45 Butteker ginn et aktuell am Stadkär vun Dikrech an déi sinn och bal alleguerte besat. Et feelt allerdéngs u Clienten. Aner Polen an der Regioun hätte sech méi staark entwéckelt wéi gemengt, wéi Maarnech oder Angelduerf, erkläert de President vum Dikrecher Geschäftsverband, Marc Faber. Vill Leit géifen an Tëscht léiwer dohin akafe fueren. Dee Probleem wier besonnesch grouss bei deene Jonken an dat obschonns, d'Gemeng eng Rei Initiative geholl hätt.
E grousse Probleem wier dobäi de Manktem u Parkplazen am Zentrum. Opmannst déi Situatioun soll sech viraussiichtlech vu Mëtt bis Enn 2024 u besseren. Op der Dikrecher Gare gëtt nämlech aktuell e Parkhaus mat 655 Parkplaze gebaut. De Geschäftsverband fuerdert awer weider, datt och am Stadkär misste weider Parkplaze geschafe ginn "haaptsächlech och fir benodeelegt Matbierger, déi op den Auto ugewise sinn".
D'Gréisst vun de Geschäftsraim ass ee Probleem
Mat Leerstand hätt ee bei de Butteker iwwerdeems net wierklech e Probleem, mengt de President vum Dikrecher Geschäftsverband, Marc Faber. Et wiere meeschtens Repreneuren do, déi e Commerce iwwerhuelen, oder en neien opmaache géifen. Fir déi puer Lokaler, déi eidel stinn, géif de Marc Faber sech wënschen, datt d'Gemeng se opkeeft a weider verlount.
E Probleem stellt allerdéngs d'Gréisst vun de Geschäftsraim duer. Se wieren alleguerten zimmlech kleng. Dat géif mat sech bréngen, datt een déi grouss "Unzéimagnéiter" net an de Stadkär géif gezu kréien.
2027 feiert d'Dikrecher Foussgängerzon hire 50. Anniversaire. De President vum lokale Geschäftsverband hofft, datt de Stadkär bis dohi géif opgewäert ginn.