Dem ale Reglement no konnt den Employé an der Theorie nëmmen ee Chèque-repas pro Dag benotzen an och just fir - wéi den Numm et seet - ee Repas an der Mëttegpaus.
Dat wier net méi zäitgeméiss, esou d'Yuriko Backes. Vu Januar u kann ee bis zu fënnef Schecken an engem Dag benotzen an dat och net just fir eng Moolzecht, mee och fir Liewensmëttel anzekafen.
"Well d'Leit gi jo net just an der Mëttesstonn an de Restaurant. Si ginn och an de Supermarché, si gi bei de Bäcker, si gi bei de Metzler, sou datt dëse Changement dann och méi de Realitéite vun haut entsprécht."
Manner Abusen mam digitale Chèque-repas
An der Realitéit ass et nämlech esou, datt och haut scho vill Chèque-repasen an de Commercen ageléist ginn. Et wier och vill Abus bedriwwe ginn, gëtt d'DP-Finanzministesch zou. Mam digitale Chèque-repas soll och dat änneren, seet den Horesca-Generalsekretär François Koepp.
"Well d'Digitalisatioun hautdesdaags och ganz e bësse mat kënschtlecher Intelligenz verbonnen ass, a kucke kann, wat gëtt wou wéini akaaft, a wann een eventuell an ee Geschäft geet, wat déi Schecken unhëlt, an een eppes domat keeft, wat net dofir geduecht ass, da kënne se déi Schecken am Fong net méi unhuelen, fir dat een domat bezuele kann."
Den digitale Chèque-repas géing och d'Aarbecht fir d'Personal am Horesca-Beräich vereinfachen, esou de François Koepp vun der Horesca.
"Oft hu mir vun de Restaurateuren Uriff kritt, datt se hir Schecken net bezuelt kruten, well se da verluer gaange sinn oder well se eventuell am Datum ofgelaf waren. Do hu sech dann déi verschidde Firmen - zemools eng grouss Firma - ganz staark hannendru verstoppt. Obwuel si Sue kasséiert huet, hunn se d'Betriber net bezuelt."
Déi al Schecken op Pabeier kënnen nach bis Enn 2024 ageléist ginn. Vun 2025 un gëtt et de Chèque-repas da just nach an digitaler Form.