Radioen

On air

Espresso Beats  |  Lorde - Take Me To The River

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De CGDIS ass op Vegetatiouns- a Bëschbränn preparéiert

Pompjeescorps

De CGDIS ass op Vegetatiouns- a Bëschbränn preparéiert

De CGDIS gesäit sech am Fall vu Vegetatiouns- a Bëschbränn gutt preparéiert. De Risk wier wéinst der Dréchent déi lescht Jore méi grouss, seet de Christopher Schuh, de Responsabele vun der Noutruffzentral. De Méindeg beispillsweis huet de CGDIS siwe mol wéinst Vegetatiounsbränn missten ausrécken.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Zënter dräi Joren ass de CGDIS kontinuéierlech am Gaange sech dem héije Risk vu Vegetatiounsbränn unzepassen. Ee Feldbrand viru puer Joer zu Hamm war zu engem Groussbrand ginn. Ee Pompjeeswon ass ofgebrannt. Fir Bränn op Felder an an de Bëscher séier an de Grëff ze kréien, si passend Ween an Ausrëschtung ee wichtege Volet. Dat sinn zum Beispill Quaden, Pick-Ups a Ween déi "geländegängeg" sinn.

Fir d'Bränn ze lokaliséieren, setzt de CGDIS op Dronen, sou de Christopher Schuh. Mat deenen Apparater kéint een d'Ausmooss vum Brand bestëmmen a mat Wärmebildkamerae kéint een aus der Loft Brandherder erkennen.

D'Ausbildung an d'Taktik vun de Pompjeeë gouf ugepasst

Mee nach hätt een dat awer net eenheetlech an all Pompjeeszentral, esou de Responsabele vun der Noutruffzentral. Dat soll sech awer änneren.

D'Theema Vegetatiouns- a Bëschbränn spigele sech och an der Ausbildung erëm. Do géif een de Fokus drop leeën, datt Bränn sech net weider verbreeden ier ee se läscht. Eng üblech Praxis a Länner mat ville Bëschbränn, déi den 112 och elo iwwerholl huet. Sou ginn direkt véier amplaz zwee Ween geschéckt fir d'Situatioun séier ënner Kontroll ze bréngen.

Detailléiert Kaarte vu befuerbare Bëschweeër kommen an den Asaz

Fir séier op d'Plazen an de Bëscher ze kommen, spillen och Kaarten eng wichteg Roll, wou Informatiounen iwwert d'Befuerbarkeet vun de Bëschweeër dra stinn, sou de Christopher Schuh.

"Dat heescht, datt mer eng Kaart hunn mat dräi verschiddene Faarwe wou mer wëssen, dat do ass ee Bëschwee, deen ass mat engem normalen Auto ze befueren, dat do ass ee Wee fir een Tout-Terrain an dat ass ee Wee, dee geet eben net."

Sou detailléiert Kaarten hätt ee bis elo awer just fir de Norden. Vun de Bëscher déi vun der Naturverwaltung exploitéiert ginn, hätt een och schonn Informatiounen zur Verfügung gestallt kritt. Mat der Verwaltung hätt ee sech och vill iwwert d'Bëschweeër ausgetosch, betount den Christopher Schuh. D'Martine Neuberg vun der Naturverwaltung hat allerdéngs gëschter um Interview hei op der Antenn kritiséiert, datt et am Bezuch op d'Bëschweeër bis elo keng konkret Gespréicher ginn hätt.

De Christopher Schuh appelléiert dann och u jiddweree fir keng Zigaretten an d'Natur ze geheien a kee Feier dobaussen ze maachen.