arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De CEO vu Avrox soll un d'Belsch ausgeliwwert ginn

Belsch

|
reading time

3 min

De CEO vu Avrox soll un d'Belsch ausgeliwwert ginn

Der Lëtzebuerger Firma Avrox gëtt Bedruch, Fälschung a Blanchiment virgehäit, dat am Kontext vun enger Bestellung vu 15 Millioune Masken, déi si d'lescht Joer un de Belsche Staat geliwwert hunn, an déi sech mëttlerweil als geféierlech erausgestallt hunn. De CEO Laurent Hericord gouf zu Cannes festgeholl a misst un d'Belsch ausgeliwwert ginn.

reading time

3 min

Enn Abrëll 2021 huet déi belsch Regierung no villem Hin an Hier decidéiert, iwwer e Marché public vun der Arméi Textil-Maske fir déi ganz Bevëlkerung ze bestellen. De belschen Daachverband vun der Moud war net capabel, déi grouss Zuel vu Masken esou séier hierzestellen.

De Staat huet da 15 Millioune Maske bei Avrox bestallt, dat fir e Präis vu 37,5 Milliounen Euro, dräi weider Millioune Masken hu se bei Tweeds&Cotton, enger belscher Firma bestallt. Avrox hat deemools zwar relativ séier, mee mat zwou Woche Retard geliwwert, esou datt eng Penalitéit applizéiert gouf.

Vun Ufank u goufen et Problemer

Zimmlech séier goufen deemools och Problemer festgestallt: engersäits mat der Qualitéit vun de Masken, mee anerersäits och mat de Modalitéiten, mat deenen de Marché public zougedeelt gouf. D'Masken hätte solle kënne mat 60°C gewäsch kënne ginn, mee si hunn awer op eemol just nach 30°C an eng Handwäsch verdroen.

Quasi a leschter Minutt gouf beim Marché public d'Obligatioun fir d'Temperatur an eng Recommandatioun geännert. Gläichzäiteg goufen Offere vun anere Firmen an enger éischter Etapp refuséiert, well se nëmme mat 30°C gewäsch konnte ginn. D'Masken haten de Label Oeko-Text, dee se eigentlech net zegutt haten.

D'Verdeelung vun de Maske gouf gestoppt

D'Firma hätt och misste beweisen, datt si an der Vergaangenheet scho capabel war, sou grouss Quantitéiten u Masken ze liwweren. Bei Avrox war dat net de Fall: d'Firma ass eréischt zanter 2017 aktiv an hat hir Aktivitéiten eréischt kierzlech vu "Location de voitures" op "Commerce de gros de textiles" geännert.

De Gnodestouss koum schliisslech vun enger Analys vu Sciensano, dem belschen ëffentlechen Institut fir Gesondheet. D'Maske vun Avrox géifen zwee potentiell geféierlech Stoffer beinhalten, engersäits ee Biozid op Basis vu Sëlwernitrat, an anerersäits de potentiell Kriibserreegenden Titandioxid.

An och wann de Conseil Supérieur de la Santé d'Masken net definitiv als geféierlech agestuuft huet, sou huet de federal Gesondheetsminister Enn Februar dovun ofgeroden se ze benotzen, an och hir Verdeelung gestoppt.

E Lien mat Lëtzebuerg

Déi deboutéiert Konkurrenten hunn eng Plainte géint d'Firma Avrox agereecht, well se sech ongerecht behandelt gefillt hunn. Enn Juni 2020 huet de belsche Parquet eng Enquête opgemaach fir erauszefannen, ob d'Firma all d'Konditiounen erfëllt huet, fir dëse Marché public ze gewannen. D'Firma hätt 2020 schonn eng Millioune Masken un e Client op Mauritius geliwwert, deen zoufällegerweis e Frënd vun den Aktionäre vun Avrox ass.

An dësem Kontext gouf de Büro zu Lëtzebuerg perquisitionéiert, an den Administrateur délégué Brice Erniquin schonn den 10. Mee un d'Belsch ausgeliwwert. En zweeten europäesche Mandat d'arrêt gouf géint de Patron a minoritären Aktionär Laurent Hericord ausgestallt, deen d'lescht Woch zu Cannes festgeholl gouf an an den nächsten Deeg op Bréissel wäert iwwerfouert ginn.

Faux, Usage de faux, Escroquerie, Blanchiment, an Entrave à la liberté des enchères et soumissions, dat ass déi impressionnant Lëscht vun Delikter, déi der Firma an hiren Administrateure virgehäit ginn.

Déi zwee Administrateure ginn elo vum Bréisseler Parquet verhéiert. Datt déi zwee inculpéiert ginn ass ganz warscheinlech, well si jo schonn an Untersuchungshaft sëtzen. De Staat oder d'Arméi kënne sech nach als Affer deklaréieren.

Eng schlecht Gerance vun der Kris

Dat Ganzt ass awer virun allem e Bewäis mat wéi vill Amateurismus dësen Aspekt vun der Covid-Kris d'lescht Joer an der Belsch geréiert gouf.

Nëmmen e puer Méint virdru ware strategesche Stock vu Masken zerstéiert ginn, well se geschwënn géifen oflafen, an ze vill Plaz geholl hunn. Masken, déi an den éischte Woche vum Lockdown eng wichteg Hëllef fir de Gesondheetssecteur gewiescht wieren.