Den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth huet vun enger "falscher Decisioun" geschwat, déi politesch, gesondheetlech a juristesch Zieler géifen net erreecht ginn.
"Mir mengen, datt mat dësem Gesetz d'Kriminalitéit éischter erop wéi erof geet."
D'CSV-Fraktioun wier géint eng Cannabis-Legaliséierung "am Alleingang", a fir eng gemeinsam europäesch Léisung.
"Dëst Gesetz gehéiert eigentlech zu deene Gesetzer, déi eist Land a seng Awunner definitiv net brauchen, well se et och mol net gefrot hunn."
Fernand Kartheiser: Lëtzebuerg setzt seng Reputatioun op d'Spill
D'ADR huet vun enger Rei positive Punkte geschwat, wéi deem, datt Leit, déi Cannabis doheem ubauen, aus der Rechtsonsécherheet kommen. Et géif een de Projet awer ouni Begeeschterung mat droen, esou den Deputéierte Fernand Kartheiser.
"Mir wëllen net an eng Situatioun komme wou Lëtzebuerg seng Reputatioun a seng Credibilitéit ënner europäesche Partner op d'Spill setzt, doduerch datt mer hei een Tourismus generéieren, deen eis a Kontradiktioun zu europäesche Konventiounen an a Schwieregkeete mat eisen Nopeschlänner féiert."
Wéinst de Kriticken huet de Fernand Kartheiser selwer géint de Projet gestëmmt: déi dräi aner ADR-Deputéierte waren dofir.
Sam Tanson: Drogepolitik aus de leschte 50 Joer een "absolutten Echec"
Mat dësem Gesetz géif et dorëm goe sech ze trauen aner Weeër ze probéieren, huet d'Justizministerin Sam Tanson an der Chamber ënnerstrach: d'Drogepolitik aus de leschte 50 Joer wier een "absolutten Echec".
"Et geet hei eben drëm, datt mir probéieren, déi Leit, déi consomméieren - an de Konsum ass reell, et ass déi illegal Substanz, déi am meeschten zu Lëtzebuerg consomméiert gëtt - datt mir deene Leit erlaben, dat ënner uerdentleche Konditiounen ze maachen. Net méi an net manner."
Der grénger Ministerin no géif d'Regierung keng Verharmlosung vum Cannabis maachen, mee et géif dorëm goen, sech Reegelen ze ginn.