Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Camille Schroeder ass dout

Noruff

De Camille Schroeder ass dout

De fréiere President vun der Bauerenallianz, Camille Schroeder ass dout. Hien ass am Alter vun 62 Joer gestuerwen, huet d'Baueren- a Coopallianz matgedeelt. De Camille Schroeder stoung zanter der Grënnung, ganzer 35 Joer laang, un der Spëtzt vum Syndicat. Enn Juni hat de Marco Koeune seng Nofolleg ugetrueden.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Bauerenallianz war de Camille Schroeder an de Camille Schroeder war d'Bauerenallianz, onzertrennlech. 35 Joer laang an nach bis Juni dësem Joer stoung hien un der Spëtzt.

D'Bauerenallianz, déi eng ronn 400 Memberen zielt, gouf deemools gegrënnt, fir deene Baueren eng Stëmm ze ginn, déi aus der Ofhängegkeet vun enger Molkerei wollt lasskommen.

D'Bauerenallianz als global Vertriedung

Déi zwee Bauereverbänn, déi et deemools gouf, d'Centrale paysanne an de Fräie Lëtzebuerger Bauer, waren allebéid un enger Molkerei gebonnen. De Camille Schroeder huet seng Organisatioun als eng global Vertriedung betruecht.

An engem Interview am Land zum 30. Gebuertsdag vun der Bauerenallianz am Joer 2018 sot de Camille Schroeder, datt ee sech och net parteipolitesch wollt bannen, mee datt een als Allianz wéilt mat jidderengem diskutéieren. Och wa jidderee wéisst, datt hie selwer ee Liberale wier. De Camille Schroeder war effektiv 1999 an 2004 fir d'DP zwee Mol mat an d'Chamberwalen.

E Mënsch vum Kompromëss

De Camille Schroeder gëllt als ee Mënsch vum Kompromëss a vun enger globaler Approche zur Landwirtschaft. Trotz dem Fait, datt d'Bauerenallianz net vun enger gréisserer Zeitung ewéi de Lëtzebuerger Bauer ënnerstëtzt gouf, hätt se sech kënne positionéieren.