D'Acteuren um Terrain haten zejoert haaptsächlech gefaart, datt een akute Personalmanktem duerch d'Gratuitéit optriede kéint. Am Secteur feelt et schonn zanter längerem un Educateuren an Educatricen.
De Problem vun de klenge Stonnekontrakter
D'Zuel vun den Umeldunge wier mat der Gratuitéit awer net an d'Luucht gaangen, esou de Michel Schenk, Direkter fir d'Betreiungsariichtunge vum Grupp Elisabeth. De Personalmanktem wier senger Meenung no duerch aner Facteure bedéngt.
"Datt nach ëmmer dee Problem (ass), datt ee senge Leit just kleng Stonnekontrakter kann ubidden, well eben an deene Mëttespause sou vill Leit gebraucht ginn, an d'Leit domat hei zu Lëtzebuerg awer ebe relativ schwéier iwwer d'Ronne kommen. An wa se dann an engem anere Beräich méi Stonne kréien, da wiessele se."
Och wann et hinnen am Fong gutt géing gefalen, misst een awer kucken, fir finanziell iwwer d'Ronnen ze kommen. An dat wier am Secteur momentan eng Problematik, esou de Michel Schenk.
Manner Kanner an der Schoulvakanz
Den CSV-Deputéierten a Responsabele fir den Enseignement an der Stad Lëtzebuerg, Paul Galles, gesäit sech mam selwechte Problem konfrontéiert.
"An der Stad Lëtzebuerg probéiere mir, gutt Konditioune fir eis Leit ze hunn, sou datt se gären an d'Stad schaffe kommen. A mir hunn och elo nach viru kuerzem de Kontrakt vu 35 op 40 Stonnen erop gesat, fir datt et nach méi attraktiv ass fir d'Leit. Dofir hu mir lo ëmmer erëm ee strukturelle Personalmangel, mee lo keen akuten op Grond vun der Gratuitéit."
Wou sech géif een Ënnerscheed zu zejoert weise wier bei den Umeldungen an de Schoulvakanzen. Hei wieren däitlech manner Kanner ageschriwwen. An och am Nomëtteg géifen d'Umeldungen zeréck goen.
Méi Absenteismus wéinst der Gratuitéit?
De Michel Schenk gesäit de Problem hei bei der Ofschafung vum Plaffongspräis vun 100 Euro pro Kand, pro Woch, fir d'Betreiung ausserhalb vun de Schoulzäiten.
"Well d'Fraisen do wierklech relativ héich sinn a vill Famillje finanziell lo net sou gutt opgestallt sinn, och duerch d'Inflatioun, duerch d'Immobiliëkreditter, datt se lo wärend de Schoulvakanzen no kreativen Iddie siche fir eng aner Betreiung fir d'Kanner ze garantéieren."
De Präis ass momentan a Relatioun mam Akommes vun den Elteren.
De Christian Weis, CSV-Schoulschäffen zu Esch, seet och, datt manner Kanner an de Schoulvakanzen an am Nomëtteg ageschriwwe wieren. Fir hie ass dësen Trend awer doduerch bedéngt, datt méi Leit am Homeoffice sinn a sech zanter der Pandemie erëm méi Zäit fir hier Kanner huelen.
An e puer Gemenge war zejoert mat der Aféierung vun der Gratuitéit een erhéichten net ugekënnegten Absenteismus opgetrueden. Duerch d'Gespréich mat den Elteren an duerch eng kontraktuell Verflichtung, datt d'Plaz un een anert Kand geet, wann dëst ze oft virkënnt, hätt sech deen Trend awer erëm séier agependelt, sou déi verschidde Vertrieder.